Compte-rendu de la réunion auprès du Chef de Service EI, le 10 décembre 2024
Gestion du Personnel
Nouveaux tours de service
► Les délégués du personnel aimeraient être informés sur l’avancement du projet des nouveaux tableaux des Service au Service EI :
• informations générales,
• entrée en vigueur,
• impact sur l’effectif,
• les délégués exigent que les listes de congés soient présentées en temps utile.
D’ITM an de Verkéiersministère wëllen datt „d’Galopptueren“ ofgeschaaft ginn, dëst provisoresch ab Mäerz 2026 wann den Effectif et zouléisst. An Reunioune mam Service RH si 4 Conditioune festgehale ginn:
• 8 Stonne Schichten
• Max. 2 Transitiounen an engem Roulement vu 5 Wochen
• 2x Repos iwwer de Weekend
• Min. 36,8 Schaffstonnen an der Moyenne pro Woch 2 Propose vu Roulements si vun der Cellule EI/RH ausgeschafft ginn, déi och un d’Leit aus dem EI déi um Tiercé schaffe wäerte geschéckt gi fir datt se kënnen tëscht deenen 2 Versiounen ofstëmmen.
Wann een eppes un den 8-Stonne Schichte wëll ännere muss dat op DC-Niveau geschéien.
Als eenzege Punkt wou si nach kompromëssbereet wieren dat ass d‘Auerzäit vun der Ofléis, ob et evtl kéint 1St no vir verréckelt ginn.
Attribution de prime
► Les délégués du personnel demandent s’il serait possible d’attribuer une prime aux agents assurant un service pendant leurs jours de repos?
Dat Thema muss an enger Sitzung vun der DC diskutéiert ginn.
Filière „chef de circulation“, filière „chef de surveillance“
► Les délégués du personnel demandent, si le poste de chef de surveillance E en gare de Luxembourg, sera maintenu en tant que poste de la carrière S?
De Posten « chef de surveillance E » an der Gare Lëtzebuerg wäert weiderhin als M a S-Carrière ausgeschriwwe ginn.
► Les délégués du personnel désirent être informés, s’il y a une différence dans la carrière M entre les agents de la filière «chef de circulation» et les agents de la filière «chef de surveillance» étant donné que la formation est différente?
Et wäerten 2 separat Promotiouns Exame fir M-Carrière Filière « chef de circulation » an « chef de surveillance » gemaach ginn. Fir déi Leit déi an d’M Carrière komm sinn ier et opgespléckt gouf ass et d‘selwecht.
► Est-ce que les chefs de surveillance ainsi que les chefs de circulation peuvent se soumettre à l’examen de promotion de leur carrière respective et pourront-ils pour autant continuer à travailler dans leur fonction actuelle? Am Effectif fir 2026 ass de « Safety Controller » och mat Promotiouns Exame virgesinn. Och als « chef de surveillance » kann ee weider schaffe mam Promotiouns Examen.
Taux d‘absentéisme
► Les délégués du personnel aimeraient être informés sur le taux d‘absentéisme dû à des congés de maladie au sein du service EI. Comment est l‘évolution de l’avant- et du post-covid ? OÙ se situe le service EI par rapport aux autres services des CFL?
Et si bis elo nach ni Statistiken iwwer d’Absencen duerch Krankmeldungen opgestallt ginn, dës sinn awer am Raum 2022-2024 stabel bliwwen a leien tëschent 5-6%. Vereenzelt Méint stieche mat bis zu 8% eraus. D’Donnéeë vun aneren Servicer waren zum Datum vun eiser Reunioun nach net disponibel. Nom Covid sinn se allerdéngs däitlech an d’Luucht gaangen.
► Les délégués du personnel tiennent à souligner que lorsque des agents sont rappelés pour pallier un congé de maladie, cela se fait sur base volontaire et il ne s’agit en aucun cas d’une obligation! Si l’agent n’est pas d’accord, il a tout à fait le droit de refuser!
Dëser Ausso ass zougestëmmt ginn an d’Agente sinn net verpflicht an hirem Repos zréckzekomme wann se aner Pläng hunn.
EI/RH
► Selon les informations reçues, le problème de la communication avec le bureau de EI/RH ne montrerait pas d‘amélioration significative, puisqu‘il serait toujours difficile de joindre le bureau des Ressources Humaines. D’Agenten aus dem EI/RH Bureau sinn nach eng Kéier sensibiliséiert ginn an et sinn Ännerunge wat d’Organisatioun vum EI/RH Bureau ugeet am Gespréich. An dësem Kader gëtt och nach eng Kéier rappeléiert datt et en Hand an Hand schaffe vu béide Säiten ass.
Structure d‘âge au Service EI
Les délégués du personnel souhaitent être informés de la structure d‘âge dans l‘entreprise ; son impact sur les départs en retraite et la durée de maintien prévisionnelle d‘un agent dans la réserve des postes postés qui s‘ensuit. Déi duerchschnëttlech Zäit déi en Agent muss an der Reserve verbrénge läit bei 5-6 Joer. Am EI sinn 135 Leit tëscht 20-39 Joer a 46 tëscht 40-59 Joer al.
Equipe de nettoyage en gare d‘Esch/Alzette D’Gare vun Esch/Alzette gëtt nei gemaach an do ass et net einfach alles richteg ze botzen. An dem Kader wäert och d’Botzpersonal nei organiséiert ginn. Et wäerten nach Gespréicher ofgehale gi fir déi Leit aus der aktueller Botzequipe pour des besoins de service an den MI ze huelen. 1 Agent geet an d’Preretraite an ee bleift am EI.
Non-paiement des primes à certains agents du poste directeur d’Ettelbruck
Dëse Feeler ass op 2 Ebenen geschitt, eng Kéier am EI/RH beim Wiessel op de Safety/Trafic Controller - System an duerno am groussen RH och nach eng Kéier. Et ass confirméiert ginn datt d’Prime mat der nächster Paie wäerten ausbezuelt ginn. Et ass och eng Formatioun fir eng Weiderbildung bei IVU fir verschidde Leit aus dem EI/RH organiséiert ginn.
Publication du plan de service
► Lors de la dernière séance en date du 9 septembre 2024, il a été retenu que la forme actuelle de publier le plan de service chaque jour par e-mail n’est pas en adéquation avec la loi relative à la protection des données. Est-ce que les délégués du personnel ont pu se concerter avec leurs collaborateurs s’il ne serait pas envisageable de ne plus envoyer le plan de service dans les différentes régions?
Op Uerder vum Generaldirekter bleift d’Situatioun sou wéi se ass.
BMS National
Enquête interne et audit
Les délégués du personnel désirent être renseignés sur:
• les conclusions de l’enquête interne et de l’audit effectué dans le dossier de la BMS. Quelles mesures d’amélioration ou correctives en découlent?
• l’avancement dans l’élaboration et la publication rapide d’une instruction de service pour le BMS Et ass kee Bericht ëffentlech gemaach ginn. D’Mme Ministesch war awer u sech ganz zefridde mat deem wat rauskomm ass. Et goufe 4 Punkten zréckbehal déi opgedeckt goufen a verbessert wäerte ginn.
Et gëtt eng instruction de service opgestallt an där d’Posten, d‘Aufgaben a d‘Virgoensweis kloer definéiert ginn. Dëst 25 Säite staark Dokument muss bis de Januar 2025 a Kraaft goe mä et wäert am Juni nach emol e Rectificatif nokommen.
Uriff déi vun de Lifter ausgi komme mol bei der BMS mol beim Fournisseur un. De Service MI mécht hei eng Lëscht an herno suergt de Service PI dofir datt all Uruff an der BMS rauskënnt.
Demandë fir d’Biller vun de Kameraen ze kucke sollen harmoniséiert ginn.Bis elo gëtt et een Ënnerscheed ob et sech em Kamerae vun Zuch, Bus, Quai oder bannen an engem Gebai handelt. Dat soll herno alles iwwert eng eenzeg e-mail Adress lafen.
Déi periodesch Kontrolle vun de Kameraen, op dës iwwerhaapt funktionéieren, sollen op deenen 2 Site Miersch a Belval d’nämmlecht oflafen.
EPI
► S’il est prévu d’équiper les agents du BMS avec des EPI?
U sech ass dat net virgesinn ausser d’Leit kënne kloer soe firwat dës EPI brauchen.
L’organisation de la réserve
De Site Belval huet Prioritéit wat d’Besetze vun de Schichten ugeet. D’Reserviste musse jee no Noutwendegkeet op deenen 2 Site agesat ginn.
Chaises de bureau
► Lors d’une réunion antérieure le remplacement d’une trentaine de chaises avait été annoncé, mais, selon des informations reçues, la BMS ne ferait pas partie des bénéficiaires.
Déi nei Still goufen am Mäerz bestallt an et waart een drop datt se geliwwert ginn.
Communication entre CSS et postes directeurs
► Les délégués du personnel aimeraient rediscuter le sujet de la communication entre le CSS et les chc en cas de mise hors tension d’office.
Et gouf drop higewisen datt den CSS net kann een Uerder fir eng Protektioun gi wann et déi bei him op senger Anlag net méi gëtt. Et ass gewosst datt dës Prozedur eng grouss Gefor fir d’Leit dobausse kann duerstellen. Dës Prozedur wäert an der Formation continue behandelt ginn. Wann e Rectificatif vun der Consigne bleue locale rauskënnt muss vir op der éischter Säit a gieler Farw kloer ze erkenne sinn datt sou eng Prozedur unzewenden ass. Hannen an der Consigne fënnt een dann eng Lëscht mat gielem Text wat nei ass an e rouden Text wat net méi gëllt. Och dat „rout/ giel-Denken“ wäert an der Formatioun ugeschwat ginn.
Gare de Belval Usine
► Vu que l’éclairage en gare de BU est encore défectueux (première signalisation par mail le 20 janvier 2024), les agents des postes demandent à être équipés de lampes frontales en attendant (pour éclaircir la piste de service). Dëse Problem ass bekannt an ass schonn un de Service MI weidergereecht ginn. Et wäert an dësem Fall e Rappel gemaach ginn. Den Asaz vun deene gefrote Kappluuchten gëtt als net noutwendeg ugesinn.
Ordre Général N° 41 «Mataarbechtergespréicher»
► Les délégués du personnel souhaitent être informés de la stratégie et de l’approche prévue par le Service EI pour la mise en pratique des «Mataarbechtergespréicher» sur le terrain :
• l‘organisation
• l’impact sur l’effectif du Service EI
Dëst ass net fir direkt a soll 2026 ulafen. Heifir gëtt eng nei Cellule EI/AA accueil assistance gegrënnt mat engem Chef a sengem Adjoint, alle béid Graden S4/neien S3. D’Objektiver ginn 2025 vum Chef de Service definéiert. Dës Cellule wäert d’Chefs de Surveillance, d’Chef de Circulation, d’Leit vum Service gare an hier Coache beinhalten Et gouf nach emol kloer gestallt datt et sech heibäi net em eng Evaluatioun vum Agent handelt. Dës Gespréicher gi vum Chef de Région duerchgefouert. Well hei d’Unzuel vun de Leit mat deene geschwat gëtt begrenzt ass, wäerten de Chef vum Zentrum an dem Südosten en zweeten adjoint kréien déi de Grad S4/neien S3 mussen hunn.
Ordre Général N° 10 relatif à la « culture juste » et au régime des mesures disciplinaires
► Suite aux récents événements survenus au sein du Service EI, les délégués du personnel aimeraient être informés sur les statistiques relatives à l’OG N° 10 avant et après l’introduction de la « culture juste ».
Est-ce que le principe de la culture juste a fait ses preuves quant au nombre et / ou la sévérité des mesures disciplinaires ?
Est-ce que le Chef du Service EI pourrait communiquer un bilan ?
Um Prinzip vum OG10 soll näischt geännert ginn. Et ass keng genee Statistik virum Aféiere vum OG10 gemaach ginn a bis elo och säitdeem keng.
D’Matrice de gravité soll allerdéngs iwwerschafft ginn.
Divers
► Les délégués du personnel demandent s’il serait possible de fournir des canadiennes en gore-tex aux agents (demandeurs) appelés à intervenir à proximité ou dans les voies (p.ex chc BU, aiguilleur BU, opérateurs réseau tertiaire)?
Well net kloer ersiichtlech war firwat dës Jackette solle benotzt gi gouf dës Fro op déi nächst Versammlung verluecht.
Points communiqués par le Chef de Service EI
Réseau tertiaire: Belval et Differdange
► Et gëtt driwwer nogeduecht fir d’Poste vum Reseau tertiaire Belval an Déifferdeng op Péiteng beieneen ze setzen. De Projet fir datt zu Déifferdeng e Container soll opgestallt ginn, well dat aktuellt Lokal zimmlech schappeg ass, leeft parallel weider.
Formation « chef de circulation »
► D’Formatioun vun den « chef de circulation » gëtt reorganiséiert an dëst op den 01.05.25. Sie gëtt em 1 Mount, verlängert a leeft an 3 Phasen of:
• Phase 1: 4 Méint Theorie am SF wou Examen ze schreiwe sinn, déi allerdéngs
• keng eliminatoresch Konsequenze wäerten no sech zéien, ausser just an Ausnamefäll.
• Phase 2 : Theorie gëtt am GI/FC nach emol vun engem anere Formateur widderholl an dann a prakteschen Exercicer ugewant, hei kommen dann och « examens éliminatoires ». Hei kommen d’Kandidate vum MI an EI zesummen an et léiert ee vun dem aneren.
• Phase 3 : Examen de Clôture
Chef de Surveillance
► De Chef de Surveillance gëtt an « responsable accueil client » ëmbenannt.
Service Gare
► De Service Gare heescht an Zukunft «assistance client». D’Agente wäerten och weiderhin op hirer Gare affectéiert bleiwen.
Effectif 2026 et embauchages 2025/2026
► Am Effectif fir d’Joer 2026 steet de Safety Controler bis de Grad S7.
2025 sollen 2 Klasse vu 25 an 2026 sollen 3 Klasse vu 26 Leit agestallt ginn.
Hei sinn och chsv abegraff.
IVU
► Am IVU wäerten an Zukunft um Enn vum Joer all Rescht u Stonne vu Congé an Iwwerstonne fir d’Joer drop ëmgewandelt ginn.
Calendrier des prochaines réunions auprès du Chef de Service EI
► Déi nächst Sitzunge mam Chef de Service EI sinn den: 10. Mäerz, 10. Juni, 16. September an 10. Dezember 2025.
Pour le SYPROLUX
Luc Plier
Jeremy Manderscheid