100 Joer Feier

Hei e klenge Video iwwert 100 Joer Feier op dem Scheff Marie Astrid
Hei e klenge Video iwwert 100 Joer Feier op dem Scheff Marie Astrid
Mylène Bianchy, 1. Presidentin vun enger Gewerkschaft zu Lëtzebuerg
Op ech haut no 20 Joer Mandater, de Wee an d’Gewerkschaft nach eemol géing goen?
« Mat mengem Team, wat di lescht Jore ronderëm mech ass, wat mech ënnerstëtzt, mer zu Hand geet, mer de Réck stäipt a mech heiansdo zeréck op de Buedem hëlt, géing ech mech zu all Moment nees op dee Wee maachen.»
Jean-Paul Schmitz, Éirepresident vum SYPROLUX
Eng nei Ekipp opbauen
«Meng Missioun fir di 4 Joer hat ech mer kloer a däitlech festgeluecht, ech wollt d’Kontinuitéit vum SYPROLUX assuréieren, obschonns dat et zimmlech schwiereg war, well d’Mylène an ech jo an d’kaalt Waasser gehäit gi waren, an dat mir eis emol hu misse fräischwammen.»
Fränz Duhr, 1. Vize-President vum SYPROLUX
Nei am Team mat neie Statuten
«Ech kann hei nëmmen en Appell maachen datt et wuel net ëmmer einfach an oft stresseg ass, mee wann een eppes ka bewierken an ee Problem nom anere ka léisen, et awer och immens Satisfaktioun gëtt. Dofir engagéiert Iech roueg méi aktiv.»
Steve Watgen, Generalsekretär vum SYPROLUX
De SYPROLUX haut am Alldag
«Mir hunn geléiert, als Equipe ze fonctionéieren, well dat ass wichteg. Zesummenaarbecht an den Austausch mat eise Kommissiounen um Terrain mat eisen Delegéierte louch eis um Mo, well si wësse wat leeft, si wësse wou de Schong dréckt»
Frank Dumont, bäigeuerdneten Gerneralsekretär vum SYPROLUX
Eise Multimedia Mann
«…ee vu mengen Aufgabeberäicher di nei Medien. An deem Beräich huet de SYPROLUX sech déi lescht Jore vill weiderentwéckelt. … Mir hunn och Kommunikatioun mat eisen Delegéiert verbessert an dem mir vun deenen néie Medie profitéiere wéi zum Beispill “Whats-App”.»
Paul Gries, Gestionnaire SYPROLUX-Immo
Vum Fahrdienstleiter zum Formateur
«Eng gutt Kombinatioun tëschent Theorie a Praxis, den A an den O fir all gudden Eisebunner.»
Joël Schmit, fréiere Personalvertrieder am Service AV
Vum Accrocheur zum Zuchbegleeder
Dionisio Battista, aktuelle Personalvertrieder am Service AV
«De SYPROLUX ass ewéi eng kléng Famill.»
Marc Becker. Kommissiounsleeder an Ersatzdelegéierten am Service BU
Vum Privatsekteur op d’Gummibunn vun der CFL
Max Kleer. Uspriechpartner vum SYPROLUX am Atelier vum Service BU
Sech gewerkschaftlech engagéieren, ass och e kloert Zeechen un de Patron
Marc Adam, Personalvertrieder am Service TM
Wat en Personalvertrieder esou alles op der Box kann hunn!
Luc Plier, Ersatzdelegéierten am Service EI
Wéisou sech an enger Gewerkschaft engagéieren?
Ramiro De Sousa Valente, Personalvertrieder am Service MI
D’I-Laufbahn och an Zukunft net vergiessen!
Nelson Gouvinhas Costa, Personalvertrieder am Service MI
Wou dréckt de Schong am MI?
François Kohnen, laangjäregen Leeder vum Kannerwierk
«Als laangjärege Leeder kann ech nëmmen alle Mataarbechter, déi zum Gelénge vum Kannervakanzewierk bäigedroen hunn, e grousse MERCI soen. Hinnen all gehéiert de Merci vum SYPROLUX.»
Lex Breisch, Grënnungsmember vun der Mobbing asbl
«Wann ee Mobbing asbl seet, seet ee SYPROLUX… als Matbegrënner vun der Mobbing asbl, … sinn ech mat etleche Fäll vun Streidereien op der Aarbecht befaasst ginn, di mer haut mat Mobbing géing bezeechnen. Awer déi Zäit war de Begrëff Mobbing guer net geleefeg.»
Manou Mullenbach, Président vun der Mobbing asbl.
«Wat elo Berodungen am Laf vun engem Joer betrëfft, hunn mir eng 1500 – 2000 Telefonater an 350 – 600 Berodungen. Eng 150 – 250 Dossiere ginn opgemaach, wann et sech em ee Mobbingverdacht handelt an 30 – 120 Dossiere kennen zou gemaach ginn. Mer hunn eng 10 -30 Dossieren ouni Suivi. »