Rapport de la réunion auprès du Chef de Service AV, le 31 mars 2025
PAT
1. Les délégués du personnel demandent s’il est envisageable de supprimer les badges avec les numéro de contrôle des agents PAT hormis pour les trajets à bord du RE 11 vers le réseau allemand.
Déi Responsabel vum Service hunn eis informéiert datt se eiser Demande net kënne favorabel nokommen.
Sollt awer en Agent aus engem novollzéibare Grond seng Nummer net méi wëllen, kann dësen eng Ufro maache fir d’Nummer wiesselen ze loossen. Dëst ass an der Vergaangenheet och scho gemaach ginn.
2. Les délégués du personnel souhaitent que, après un premier tour de validation des listes de congé, celles-ci soient renvoyées pour un deuxième tour. Cela permettrait aux agents PAT de poser les jours de congé restants sur les plages encore disponibles.
Hei hu mir den Accord kritt, datt d’Lëschten eng 2. Kéier kënnen duerch d’Reie goe fir eventuell nach e puer Deeg, déi beim 1. Duerchgang fräi bliwwe sinn, kënnen anzesetzen.
Dëst erlaabt et den Zuchbegleeder méi Congé anzesetzen a soumat méi Previsibilitéit ze hunn. Déi genau Dispositioune mussen awer nach preziséiert ginn.
3. Les délégués du personnel demandent s’il est envisageable de remplacer les appareils de distribution de boissons et de collations actuels de la salle de repos des agents PAT à Luxembourg par des appareils de la société CFL Cactus Shoppi, avec la réduction accordée aux agents CFL. Il en est de même pour la machine à café.
Bei dëser Doleance muss an Zesummenaarbecht mam Service Achats gekuckt ginn ob dat méiglech ass. Et lafen aktuell Kontrakter mat de jeeweilege Firmen déi och musse respektéiert ginn. Zousätzlech ass och de Präis ervirgehuewe ginn, deen een net dierf aus den Ae verléieren. Déi Responsabel hunn eis versprach zu engem spéideren Zäitpunkt ob eis duer ze komme mat méi Detailer.
4. Les délégués du personnel demandent si la date de cessation des activités de la société de gardiennage «Protection Unit» est déjà connue et quels scénarios nous devons anticiper. Nous souhaitons également connaître les formations dispensées au personnel de la société de gardiennage future et leur objectif.
Bis ewell ginn et keng Informatiounen op e Repreneur fonnt ginn ass oder nach net. Sämtlech Formatioune ginn awer nach eemol op de Leescht geholl, dëst och bestäerkt duerch den Audit deen am Kader vun der Sûreté gemaach ginn ass.
5. Les délégués du personnel souhaitent connaître le suivi concernant la recherche d’une solution pour l’isolation des portes d’accès des automotrices de la série 2400, principalement pour les agents un peu plus petits.
Déi Responsabel hunn eis informéiert datt aktuell zesumme mam Service TM un zwee Léisungsvirschléi geschafft gëtt.
Säitens AV positionéiert een sech op eng Verlängerung vum Véierkannt. Eng aner Pist wier eng kleng Träppche ma dës schéngt, säitens Service AV, awer net verfollegt ze ginn.
6. Les délégués du personnel demandent un meilleur marquage du compartiment de la 1 re classe des automotrices de la série 2400, identique à celui des automotrices sorties de l’opération mi-vie de la série 2200.
Bei dësem Sujet ass zesumme mam TM gekuckt gi wéi een d’Kennzeechnung vun der 1. Klass ka verbesseren.
Virop war et d’Informatioun, datt een sech mat Alstom iwwer d’Dieren déi d’Kompartiment vun der 1. Klass oftrennt eens ginn ass. Soumat ass d’Oftrennung méi visibel an et hofft een datt sech d’Situatioun allgemeng verbessert.
Zousätzlech ass och schonn eng grouss Affiche «1 classe» op déi gliese Wand, éier een an d’1. Klass kënnt, gepecht ginn.
7. Les délégués du personnel demandent que les locaux de repos des PAT (par exemple à Kautenbach) soient équipés d’un réfrigérateur.
Hei si mir informéiert ginn, datt de Frigo fir Kautebaach scho bestallt ass. Eis Demande ass soumat direkt ëmgesat ginn. Et sief awer ze bemierken, datt dëst e Raum ass deen dem TM gehéiert.
Guichet
8. Les délégués du personnel demandent l’installation d’une machine à café au centre de vente de Belval-Université afin de pouvoir enlever les machines à café privées. Dans ce même ordre d’idées nous demandons la mise à disposition des sachets de thé de la société Dallmayr pour les agents de la Division AV-CV (par exemple, dans la tisanerie à Luxembourg), comme c’est le cas pour le personnel de la Division AV-PAT.
Déi Responsabel hunn eis informéiert datt d’Agente vun de jeeweilege Posten aus dem AV-CV schonn Téi kritt hunn. Eis Demande ass soumat direkt ëmgesat ginn.
Leider sinn awer um Belval net genuch Leit aus dem AV fir eng Kaffismaschinn. D’Firma stellt keng Maschinn zur Verfügung well de Rendement ganz geréng ass.
Eng Léisung wier eventuell zesumme mam EI ze kucken, ob e sech kéint un hirer Maschinn, déi mat Kapsele funktionéiert, bedeelegen. D’Kitchenette um Belval gëtt och tëscht AV an EI gedeelt.
9. Les délégués du personnel demandent d’élargir la présence de l’agent d’accueil situé dans le hall de la gare de Luxembourg, devant l’accès au centre de vente, à 12 heures par jour.
D’Cheffe de Division vum AV-CV huet agewëllegt, datt wann e Renfort am Guichet virgesinn ass, dësen da virum Guichet den Accueil mëscht fir d’Agenten am Schalter z’entlaaschten.
Zousätzlech hëllefen och munchmol Agenten aus, déi hir normal Aarbecht temporär net kënnen ausüben. Et ass awer bemierkt ginn, datt dëse Posten net fest am Effectif virgesinn ass.
10. Les délégués du personnel souhaitent connaître les mesures prévues suite aux résultats du FORMS effectué auprès des agents travaillant sur un tour fixe au centre de vente de la gare de Luxembourg.
Déi Responsabel vun der Divisioun AV-CV hu nom Resultat vum FORMS en Déngschtplang opgestallt, wou all Agent maximal 6 Schichten um Stéck misst schaffen. Dësen ass och an der Sitzung presentéiert ginn. Sécherlech huet awer all Déngschtplang seng Vira seng Nodeeler (z.B. Unzuel u fräie Weekender, Unzuel u konsekutive Roudeeg, …).
Déi Responsabel vun der Divisioun schaffe weider Déngschtpläng aus an da kann d’Personal aus dem Schalter sech déi ukucke fir sech ze positionéieren.
11. Les délégués du personnel souhaitent connaître le suivi du projet du nouveau PROC en gare de Luxembourg.
Et ass geplangt datt de PROC 2 an d’Gebailechkeete vun der Gare Lëtzebuerg kënnt, wou lo den AV-SQS seng Büroen huet. Soubal de Start vun dësen Aarbechte gewosst ass, kommen d’Agente vum AVSQS an d’Fëschhal bei den AV-PAT. Dëst soll och eng nach méi enk Zesummenaarbecht erméiglechen.
Doduerch stinn och an der Fëschhal beim AV-PAT e puer Ännerungen um Plang wat d’Occupatioun vun de Büroen ugeet.
12. Les délégués du personnel demandent que des réservistes fixes, destinés principalement à effectuer la réserve du CallCenter, soient à nouveau mis en place afin d’améliorer le travail des agents réservistes et de garantir un service clients infaillible.
Déi Responsabel vun der Divisioun AV-CV hunn, als Reaktioun op eis Fro, e FORMS un d’Reserviste geschéckt mat der Fro, wou si léiwer wéilte schaffen. E puer Reservisten hunn de FORMS och schonn ausgefëllt an hir Preferenz ob just CallCenter, just Guichet oder béid Plazen, scho matgedeelt. De Forms leeft awer nach e puer Deeg sou datt sech nach kee finaalt Bild erauskristalliséiert huet ob eis Demande kann ëmgesat ginn.
13. Les délégués du personnel demandent l’installation de nouveaux rideaux au CallCenter afin de limiter le courant d’air dû aux fenêtres qui semblent de moins en moins étanches, ainsi que l’installation d’un humidificateur pour améliorer la qualité de l’air au sein du CallCenter.
Dës Fro ass leider net an der Delegéiertesitzung traitéiert ginn, ma d’Cheffe de Divisioun vum AV-CV huet eis awer matgedeelt, datt schonn eng Demande fir nei Riddoe gemaach ginn ass.
pour le SYPROLUX
Jérôme Weyrich
Pedro Tavares