Rapport de la réunion auprès du Chef de Service AV, le 10 décembre 2024


Informations du Chef de Service Secrétariat AV Op de 15. Dezember ass de Poste vum Chef de Division vum AV-Sekretariat rëm besat. Eis nei Cheffe de Division war déi ganz Sitzung mat dobäi, wat eis gefreet huet. Mir wënschen natierlech bei dëser Geleeënheet vill Gléck an Erfolleg um neie Posten.

Gare Ettelbrück - emplacements parking Weiderhi war et d’Informatioun, datt de Service AV wärend den Ëmbauaarbechte ronderëm d’Gare Ettelbréck, 8 dediéiert Parkplaze kritt fir d’Personal vum AV, zum Beispill fir eis Zuchbegleeder*Innen, dat do hiren Déngschtufank huet.

Inaptitudes provisoires D’Personaldelegéiert sinn och informéiert ginn, datt Ännerungen usti bei der Gestioun vun Agenten, déi zäitlech begrenzt hiren Déngscht am Zuch net méi kënne ausféieren. Dës sollen, an noer Zukunft, zentral vum AV-Sekretariat geréiert ginn.

Et gëtt och gekuckt d’Agenten, déi zäitweileg keng Sécherheetsfunktiounen am Zuch dierfen ausféiere, méi clientsorientéiert Tâchen ausféieren ze loossen.

Points à discuter mis à l’ordre du jour par les délégués du personnel Personnel CV 20241210-01 Les délégués du personnel du SYPROLUX demandent s’il est possible de remettre à disposition des agents de la Division AV-CV des lingettes humides et du gel désinfectant dans une armoire dédiée à cet effet.

► D’Cheffe de Service vum AV-CV huet eis informéiert, datt eis Demande schonn ëmgesat ginn ass. E spezielle Schaf ass am Verkafsschalter an der Staat well dediéiert gi wou eist Personal zu all Moment Zougrëff op Lingetten a Gel fir d’Hänn ze desinfizéieren huet.

20241210-02 Les délégués du personnel du SYPROLUX revendiquent une adaptation du temps de fonctionnement du rideau-chaud au Centre de Ventes de la gare de Luxembourg. Les agents nous ont informés que le rideau-chaud ne s’allume qu’à partir de 06:00 heures, alors que les agents commencent leur service à partir de 05:00 heures et ouvrent le guichet à 05h30 heures.

20241210-03 Les délégués du personnel du SYPROLUX demandent s’il est envisagé d’adapter le système du rideau-chaud au Centre de Ventes de la Gare de Luxembourg afin de diminuer l’empreinte environnementale et d’augmenter l’efficience. Selon les dires de l’agent, le rideau-chaud est devenu de plus en plus bruyant au fil du temps.

► Béid zesummenhängend Froe sinn zesumme beäntwert ginn. Hei ass direkt nom «rideau-chaud» gekuckt ginn. Et huet sech effektiv erausgestallt, datt de Regulateur net méi funktionéiert huet, sou datt d’Loft net méi richteg waarm geblosen huet, a soumat guer net méi richteg gehëtzt huet. Uganks Dezember ass dësen ersat ginn a lo hëtzt et och rëm richteg. Zäitgläich sinn och d’Zäiten ugepasst gi fir datt de «rideau-chaud» direkt Mueres um 5:00 Auer funktionéiert. Et dierft engem gudde Fonctionnement soumat näischt méi am Wee stoe.

20241210-04 Les délégués du personnel du SYPROLUX désirent connaître le nombre de tours de service « TS », c’est-à-dire « renfort », réellement effectués au Centre de Ventes en gare de Luxembourg à partir du 1 er janvier 2024 au 30 novembre inclu.

► 137 Renfort-Schichte sinn an Zäitraum vum 1. Januar 2024 op den 30. November 2024 am Verkafsschalter an der Staat geleescht ginn.

Am CallCenter waren et der am gläichen Zäitraum 96. Dës Schichten dierfen d’Agenten och gären nach kuerzfristeg (Mueres uruffe fir Mëttes) fräi huele wa keng Krankmeldung erakomm ass.

20241210-05 Les délégués du personnel du SYPROLUX demandent s’il est envisageable que les agents de la division AV-CV reçoivent un aperçu des présences sur place de leurs responsables (p.ex. une fois par semaine).

► D’Personaldelegéiert sinn informéiert ginn, datt all Agent mat Hëllef vun der Applikatioun «Mäin RH» ënner «Mes outils RH» an dann ënner «Who’s in» kann nokucken op e Mataarbechter «am Haus» oder am Teletravail ass. Souguer d’Absencen si gezeechent. Dëst ass fir all Agent ersiichtlech. Eng weider Mesure ass net virgesinn. D’Agente kënne sech awer och zu all Moment iwwer Teams bei de Responsabele mellen.

20241210-06 Les délégués du personnel du SYPROLUX demandent l’installation d’une fontaine à eau pour les agents du Centre de Ventes en gare de Belval-Université, identique à celle installée dans la tisanerie du Centre de Ventes en gare de Luxembourg.

► Och hei hu mir eng positiv Äntwert kritt. De Waasserspender gëtt ugefrot. E genauen Datum fir d’Installatioun konnt allerdéngs nach net genannt ginn.

Personnel PAT et CV :

20241210-07 Les délégués du personnel du SYPROLUX demandent l’introduction des jours de congés dits « Joker » pour le personnel PAT et les agents de la Division AV-CV, au même titre que pour les agents du Service BU.

► Dës Jokerdeeg, déi mir identesch wéi eis Kolleege vum Busbetrib wollten, sinn eis leider net accordéiert ginn. Dat ass leider e Bemol. Och wa mir net mat 10 Deeg gerechent hate, wéi se am Busbetrib an de Stee gemeesselt sinn, hate mir eis erhofft dach deen een oder aneren Dag, ënner selbstverständlech festgeluechte Konditiounen, erauszeschloen. Et gëtt awer intern gekuckt op den Déngschtplang beim Zuchbegleetpersonal et géing erlabe fir 2 Leit méi d’office fräi ze ginn. Sou kéint een sech zum Beispill virstellen, datt déi 2 Agenten déi fir d’éischt fir en Dag fräifroen dësen d’office accordéiert kréien. Op alle Fall war Gespréichsbereedschaft ze spieren a mir hoffen datt mir déi nächst Sitzung awer eppes kënne beweegen.

PAT 20241210-09 Les délégués du personnel du SYPROLUX désirent connaître le suivi de l’analyse concernant d’éventuels nouveaux gants de travail pour le personnel PAT.

► Bei dëser Analyse ass mëttlerweil vun all passender Händschen aus dem EPI-Katalog ee Puer bestallt ginn. Mir erhoffen eis, dass ee Puer eise Besoinen entsprécht a mir soumat d’Liederhändschen net méi brauchen.

Fir de SYPROLUX

Jérôme Weyrich, Pedro Tavares