Rapport de la réunion auprès du Chef de Service AV, le 02 octobre 2024


Informations du Chef de Service Sécurité – accident de travail Ënnert anerem ass d’Unzuel un Accidenter am Service AV presentéiert ginn. Positiv ze bewäerten ass, datt d’Unzuel un Accidenter erofgaang ass. Vum 1. Januar 2024 op den 31. August 2024, si 15 Accidenter ze verzeechne, géint 22 wärend der gläicher Period am Joer 2023.

D’Gravitéit vun den Accidenter ass awer leider an d’Luucht gaange, well d’Ausfalldeeg am Verglach eropgaange sinn.

Nouveau matériel roulant CORADIA D’Personaldelegéiert sinn informéiert ginn, datt säit e Sonden, dem 29. September 2 nei Coradia am Asaz sinn. Et sinn d’Motricen 2409 a 2410, déi am kommerzielle Service rullen. Am Moment gëtt et nach keng Autorisatioun fir an «unité multiple» ze fueren. Dës soll awer am Laf vum Joer 2025 kommen.

Zousätzlech si mir informéiert ginn, datt d’Kompositioun vun Zich soll an enger éischter Phase am Joer 2025 op der Linn 70 ugewise gi, fir datt sech eis Clientë besser um Quai kënne positionéieren.

Local de séjour PAT en gare d’Esch/Alzette Fir eis Zuchbegleetpersonal ass et nach d’Informatioun gewiescht, datt den Openthaltsraum fir d’Clienten zu Esch an der Gare erneiert gëtt. Doduerch ass den Accès zum Pauseraum vum PAT zäitweileg gespaart. D’Zuchbegleetpersonal kritt fir d’Iwwergangszäit um Quai zu Esch e Raum tëscht dem Aufsichtsbeamten an den Agente vun der Sécherheetfirma.

Points à discuter des délégués Personnel PAT (Domaine SQS) 20241002-02 Les délégués du personnel demandent si les responsables du Service AV pourraient analyser une éventuelle amélioration de la surface de la pente de l’entrée des portes des voitures-pilotes DOSTO. Il s’avère que les pentes deviennent glissantes en cas de pluie.

► De Responsabel vum AV-SQS huet eis informéiert, datt déi lescht 6 Joer net een Accident an deem Sënn signaléiert ginn ass. Den Opruff gouf gemaach fir konsequent all «presqu’accident» ze mellen, sou minim en och op den éischte Bléck ka wierke, fir genau sou Themen z’erfaassen. D’Zuchbegleetpersonal kritt awer am Joer 2025 nei Sécherheetsschung mat der S3-Norm, wou d’Suel och nach méi rutschfest ass wéi bei den aktuelle Schung.

20241002-02 Plusieurs PAT ont demandé aux délégués du personnel s’il est prévu de changer les gants de travail actuels. Les gants actuels en cuir sont destinés à des travaux comme pour les essais freins, mais ne sont pas adaptés pour des travaux plus filigranes comme la manipulation d’une rampe pour les PMR. Il s’ensuit que les délégués du personnel sollicitent d’effectuer une analyse comparable à celle de la Division AV-SQS concernant les trolleys / sac à dos.

► D’Personaldelegéiert sinn informéiert ginn, datt sech den AV-SQS der Saach unhëlt an analiséiert ob et e méi passende Modell fir méi filigran Aarbechte gëtt. Et ass awer drop higewise ginn, datt een sech muss u Normen hale wéinst der Aarbechtssécherheet.

Personnel CV 20241002-05 Les délégués du personnel revendiquent une réorganisation des tours de service des agents affectés au Centre de Vente à Luxembourg avec un tableau de service qui ne dépasse pas cinq jours consécutifs pour rendre plus attractifs les tours fixes.

► D’Responsabel vum AV-CV huet eis iwwer den Opbau vum Roulement informéiert. Dësen ass op 17 Wochen opgebaut. Ëfters sinn tëscht 2 Bléck vu 7 Schichten 3 Roudeeg. Et kënnt awer och vir, datt nëmmen 2 Roudeeg dotëscht leien. Déi Responsabel vum Service AV hunn agewëllegt e “Forms” un d’Personal ze verschécken, dat e feste Roulement huet, fir ze froen ob se zefridde sinn oder net a wat een eventuell kéint ännere, respektiv wat d’Agente gär um Roulement hunn.

20241002-06 Les délégués du personnel demandent si les responsables AV-CV ont demandé une éventuelle explication quant au manque d’intérêt de plusieurs réservistes à postuler pour un tour de service fixe ? Si une telle enquête a été effectuée auprès des agents concernés, les délégués du personnel aimeraient savoir les causes mentionnées.

► D’Personadelegéiert sinn informéiert ginn, datt keng Ëmfro gemaach gëtt beim Personal, wat sech hätt kéinte mellen, mee et awer net gemaach huet. Dës Grënn kënne ganz villfälteg a perséinlecher Natur sinn. D’Responsabel vum AV-CV huet eis informéiert, datt am Moment all feste Roulement besat ass.

20241002-07 Conscient du fait que de nombreux clients viennent entre 12:00 et 14:00 heures pendant la fermeture des guichets 3 et 5, ainsi que des guichets 4 et 6, les délégués du personnel demandent s’il est envisagé d’équiper le guichet 2 « Informations » comme «vente rapide»

► Déi Responsabel vum Service AV hunn sech dës Iddi och schonn duerch de Kapp goe gelooss. Momentan loossen d’Zuelen awer keng konkret Schlussfollgerung zou, ob et sech rentéiert fir aus dem Schalter 2 och e Verkafsschalter ze maachen. Mir sinn informéiert ginn, datt just nach 25% vun de Ventë mat Boergeld bezuelt ginn. Weider war et d’Informatioun, datt vill Billjeeën an d’Grenzregioun och elo um Billjeesapparat virum Guichet ugebuede ginn.

Personnel CV et PAT 20241002-08 Les délégués du personnel désirent connaître l’état d’avancement du projet de la mise en place des bulletins de paie électroniques.

► D’Personaldelegéiert sinn informéiert ginn, datt dëst kee Projet vum AV ass a soumat keng weider Detailer kënne matgedeelt ginn.

20241002-09 Les délégués du personnel aimeraient savoir s’il serait possible d’équiper les armoires personnelles / casiers des agents PAT et de guichet avec des prises électriques pour charger les appareils électroniques destinés au travail ?

► Eis Demande ass op Versteesdemech gestouss, well ëmmer méi elektronesch Geräter (RAILtab, Tablette, Powerbank) am Alldag benotzt musse ginn. Am Kader vum Projet vum Reamenagement vum Openthalts- a Pauseraum vum Zuchbegleetpersonal an der Staat ass och e Schaf, virgesi wou een seng elektronesch Geräter kann oplueden sou wéi een dëst z.B. vun engem Flughafe kennt. D’Iddi fir all Spint nozerëschten ass awer logistesch an och sécherheetstechnesch net ëmsetzbar.

20241002-10 Les délégués du personnel revendiquent la nécessité d’un stock d’effets d’uniformes disponibles à court terme. Ceci pour les agents qui perdent / prennent beaucoup de poids dans très peu de temps en vue de limiter le temps d’attente jusqu’à réception des nouvelles tailles.

► Dës Fro ass schonn ëfters opkomm. Et gëtt nach eemol eng Analyse gemaach, wéi oft datt d’Firma eis beliwwert a mat Hëllef vu konkrete Fäll analyséiert wat ee kéint verbesseren.

20241002-11 Les délégués du personnel demandent les chiffres renseignant sur les journées improductives des divisions AV-CV et AV-PAT au 31 décembre 2022, 31 décembre 2023 et au 31 août 2024. Est-ce que l’avis à l’attention du personnel PAT concernant la suppression volontaire de repos a eu un impact significatif quant aux journées impro¬ductives du personnel PAT ?

► Op den 31. 12. 2022 war d’Zuchbegleetpersonal 6136 Deeg am Réckstand. Den 31.12.2023 waren et 7844 Deeg an op den 31.08.2024 9865 Deeg.

Am Schalterpersonal waren et op déi gläich Datë jeeweils 449, 689 respektiv 753 Deeg.

Bei de Kolleeginnen a Kolleege vum Parking / Bagages / Objets Trouvés jeeweils 241, 346 respektiv 753 Deeg.

Et ass awer ze bemierken, dass een d’Zuelen op den 31.08.2024 schlecht bis guer net mat deene vum 31.12.2023 vergläiche ka well 4 Méint, dovun ënner anerem nach 2 Wochë Summervakanz, net consideréiert sinn. Op sämtleche Poste soll weiderhin agestallt ginn.

20241002-12 Les délégués du personnel demandent s’il est autorisé à placer, sans l’accord préalable de l’agent PAT / de guichet, un congé dit « congé vieux / CV » ou des jours fériés datant des années antérieures qui sont de fait comparables au CET ?

► Fir d’éischt war et d’Informatioun, datt jiddwereen op der CFL den CET huet. Dësen heescht awer jee no System eventuell anescht oder ass ënnerdeelt (al Feierdeeg, al Roudeeg, …). D’CFL huet awer d’Recht, wéinst déngschtlechen Ursaachen, Congé vum CET anzesetzen. Normalerweis gëtt dat awer ëmmer a Récksprooch mam Agent gemaach oder den Agent kann et a senger Demande och explizit ufroen.

Encadrement 20241002-13 Les délégués du personnel demandent s’il est possible d’accorder la rémunération prévue pour dispenser les examens de fin de stage / de promotion également aux agents qui dispensent les clôtures de stage (AV-CV) et/ou les qualifications (AV-PAT) ou autres épreuves prévues. Le temps de préparation de ces épreuves est compa¬rable et souvent les préparations se font pendant le temps libre des agents concernés.

► Dës Fro sollen d’Personaldelegéiert mat an Délégation Centrale huele, well den AV dat net kann aleng festleeën.

PAT 20241002-15 Les délégués du personnel sollicitent de publier un rappel des fonctions des agents de sûreté de l’entreprise Protection Unit pour les agents PAT. Serait-il envisageable d’intégrer une séance d’information quant aux charges des agents de sûreté dans la formation initiale / continue des agents PAT pour éviter tout malentendu ?

► Hei si mir informéiert ginn, datt op den 1. Februar 2025 e neie Kontrakt a Kraaft trëtt fir deen et och eng offiziell Ausschreiwung gouf. D’Personaldelegéiert hunn den Text, wéi en an d’Ausschreiwung mat opgeholl ginn ass, virgeluecht kritt. Dëse gëtt och am offizielle Rapport vun der Sitzung publizéiert. Zousätzlech sollen d’Missioune vun der Sécherheetsentreprise och mat an Dokumenter vum Zuchbegleetpersonal mat opgeholl ginn, sou wéi an d’Formatioun fir dëst méi kloer ze stellen.

20241002-17 Les délégués du personnel aimeraient connaître les frais déboursés pour les transferts des agents PAT en taxi pour relier les gares satellites vers les gares d’attache respectives, et ce, pour la période du 1er janvier 2024 jusqu’au 30 juin 2024. Serait-il envisageable d’ajouter plusieurs voitures de service dans le « pool » du Flex comme p.ex. pour les transferts entre Luxembourg et Trèves afin de diminuer les frais de taxi ?

► Ëfters ginn d’Taxie spontan bestallt am Kader vun enger Perturbatioun. De Service AV ka kee Chiffer nenne, well dës net op de Budget vum AV imputéiert ginn. Wann en Déngschtauto vum Service AV an den CFLex mat opgeholl gëtt, muss dëse ganz vum Service AV bezuelt ginn an och equipéiert ginn. Finanziell ass et soumat fir de Service AV net rentabel.

20241002-19 Les délégués du personnel estiment que la climatisation dans le local PAT (Dienstraum) des automotrices KISS est souvent trop froide comparée aux compartiments voyageurs. Pourrait-on demander au service compétent s’il serait possible d’adapter la climatisation dans le local PAT ?

► Et ass nach eemol drop higewise ginn, datt et am Verglach mam Passagéierraum tendenziell méi kal am Déngschtabteil ass. Déi Responsabel vum Service AV concertéieren sech nach eemol mat de Responsabele vum Service TM, ob eppes kann un der Klimaanlag am Déngschtraum geännert ginn.

20241002-21 Les délégués du personnel désirent informer les responsables que l’annonce des arrêts facultatifs entre Kautenbach et Wiltz n’est plus enregistrée sur le matériel Z2000. Serait-il possible de rajouter de nouveau l’annonce automatique ?

► Déi Responsabel hunn eis informéiert, datt dës Annoncë nach op den Z2000 programméiert sinn. Se lafen awer net méi automatesch, ma misste vum Conducteur manuell lancéiert ginn.

20241002-23 Conscients des problèmes budgétaires concernant la modernisation de la salle de repos du PAT à Luxembourg, les délégués du personnel demandent si une nouvelle date pour le début des travaux est déjà connue ?

► Déi Responsabel konnten eis leider kee genauen Datum mat op de Wee ginn. Et huet een awer gemierkt, datt et de Responsabelen en Uleies ass fir datt d’Aarbechten sou séier wéi méiglech kënnen ufänken.

Fir de SYPROLUX

Jérôme Weyrich

Pedro Tavares

Markus Beckmann

Fabrice Bichler