Rapport de la réunion auprès du Chef de Service AV, le 19 juin 2024


De Chef de Service huet am Ufank vun der Reunioun de nei gewielte Personalvertrieder felicitéiert an informéiert, dass d'Madamm Sophie Lacour, Direktesch vun den Activités Voyageurs ab dem 1. Juli, viraussiichtlech de 7. August an de CallCenter an an de Guichet vun der Staat Lëtzebuerg kënnt. E weidere Rendez-vous um Programm vun eiser neier Direktesch ass viraussiichtlech de 27. August am Service AV-PAT.

D'Madamm Lacour war och den 1. Juli, op hirem éischtem Dag um neie Posten direkt op d'Aweiung vum Poste d'Accueil an den AV-PAT komm.

Zousätzlech sinn d'Personalverieder informéiert ginn, dass säit dem 1. Januar 2024 bis de 24. Juni inclus a genau 44 Fäll beim Zuchbegleetpersonal e Krankekontroller geschéckt ginn ass. An 11 Fäll konnt den Agent leider net ugetraff ginn. D'Personalvertrieder vum Syprolux weisen sech erschreckt iwwer dësen Taux a bieden all Agent d'Krankereglement ze respektéiere fir Onannehmlechkeeten z'evitéieren.

Personnel CV et PAT

► Les délégués du personnel demandent s’il est envisageable de munir l’ensemble du personnel AV en contact avec les clients d’un polo comme partie intégrante de l’uniforme en sus des chemises avec cravate / foulard, et ce, à base du volontariat ?

En effet, il s’avère que depuis l’utilisation de la veste du type « Soft shell » ainsi que pendant les mois d’hiver avec le port de la jaquette, le veston, la cravate / le foulard comme la chemise ne sont, pour la plupart du temps, pas visibles.

Am Moment, bedéngt duerch déi sëlleg Ännerungen am Kader vum neien Dressguide wou d'Softshell erlabt an awer d'Paltonbsbox bäibehale ginn ass, ass et net virgesinn zousätzlech e Polo als Deel vun der Uniform anzeféieren. Déi Responsabel hunn eis informéiert, dass och kierzlech nei Krawatte bestallt gi sinn déi zäitno geliwwert solle ginn. De Chef de Service huet awer drop higewisen, dass dëst keen definitive Nee ass ma wann d'Uniform rëm iwwerschafft gëtt och iwwer e Polo debattéiert gëtt. ► Les délégués du personnel demandent combien d’agents PAT seront recrutés en 2024 pour combler le manque d’effectif actuel. La même question se pose pour les agents des centres de vente ainsi que pour les collègues du guichet bagages/P+R/objets trouvés et le poste du « Portier AV ».

Fir de Guichet an de CallCenter si 4 Leit ugefrot gi ma doderch datt 1 Agent op den 1. September 2024 demissionéiert huet gi fir dës Poste 5 Leit gesicht.

Och fir d'Poste vum P+R, vum Guichet Bagages a vum Objets trouvés gi 4 Agente gesicht well de Service AV sech leider vun engem Stagiaire huet missen trennen. Et ass awer virgesinn eventuell 2 Agenten aus dem RM, déi am Moment op deene Poste gutt Déngschter leeschten, z'iwwerhuele well se d'Konditiounen erfëllen.

Am Zuchbegleetpersonal sinn op den 11. Juni genau 53 Astellunge getätegt gi fir dëst Joer fir dem Personalmanktem entgéint ze wierken an et si weider Astellunge virgesinn.

► Les délégués du personnel revendiquent des dispositions, ainsi qu’une procédure écrite officielle se rapportant aux femmes enceintes des divisions AV-CV et AV-PAT en contact avec la clientèle. Hei si mir informéiert ginn, datt d'CFL sech u sämtlech geltend Gesetzer hält. Déi schwanger Mataarbechterinne sollen sech beschtefalls direkt un de Service Santé au Travail (Aarbechtsdokter) wenden an da gëtt an all Fall individuell de Besoine vun der Mataarbechterin Rechnung gedroe.

► Les délégués du personnel revendiquent la mise à disposition de produits hygiéniques (tampons, serviettes hygiéniques, …) pour l’ensemble du personnel AV et ce dans l’ensemble des enceintes AV. Demande vun de Personalvertieder vum SYPROLUX ass op Versteesdemech getraff ma d'Propose gouf gemaach fir dës Ufro mat an DC ze huele fir datt all Mataarbechterin op der CFL dovu profitéiere kann. Et wier och organisatoresch schwiereg wann den AV géing en Eenzelgang maachen.

Personnel PAT

► Les délégués du personnel demandent, s’il est faisable d’indiquer le nom de l’agent de relève sur la feuille de travail dans RAILOpt web pour éviter d’appels téléphoniques inutiles vers le DP/PAT. Ceci faciliterait le flux d’informations en cas de défectuosités du matériel roulant ou autres.

Déi Responsabel hunn eis informéiert, datt fir dëst ëmzesetzen vill technesch Hürden z'iwwerwanne wieren an et gëtt och un engem neien Outil mam Numm "Boom" geschafft wou d'Schied um Material besser siichtbar sinn. Anescht wéi am TM sinn d'Relève vum PAT net zesummenhängend well sech déi 2 Zuchbegleeder net musse gesinn.

► Les délégués du personnel revendiquent à ce que l’ensemble des fonctionnalités sur RAILOpt web soient débloquées (demande d’un début / d’une fin de service différé(e), détail des tours de service 5 jours à l’avance, inscription de l’obligation « Alasca et Linda » dans le champ « Vorbereitung » pour éviter les oublis) à l’instar des agents du service TM.

De Chef de Service huet eis informéiert dass de Linda an den Alasca am TM, anescht wéi am AV, als Virleeschtung gëllen an doduerch sinn 2 Minutte Virleeschtung am TM virgesinn. Et ass zousätzlech ugemierkt ginn, dass de Lokführer wärend der Faart den Handy net dierf betätegen an doduerch muss dëst virun der Faart gemaach ginn. Den Zuchbegleeder huet dës Contrainte net an doduerch ass dës Virleeschtung am AV-PAT net virgesinn.

Kierzlech ass d'Vue vun der Schicht op 1 Dag am Viraus opgemaach ginn. Am Joer 2024 ginn d'Erfarungswäerter gekuckt an da gëtt 2025 evoluéiert op een d'Vue eventuell op 3 oder souguer op 5 Deeg am Viraus uweist.

Wat d'Ufro vun zäitlechen Ännerunge vun der Schicht ugeet ass et sou dass de Chef de Service betount, dass den direkte mënschleche Kontakt, per Telefon oder perséinlech mam Roulementsbüro privilegéiert soll gi vis-à-vis vun enger onperséinlecher Demande wann et wierklech wichteg ass.

► Les délégués du personnel demandent que les frais de déplacement soient automatiquement adaptés, si un PAT commence son service à une gare plus éloignée que sa gare d’attache.

Déi Responsabel hunn eis verséchert, dass d'Zuchbegleetpersonal sech zäitno net méi muss selwer presentéiere fir d'Fraisen unzefroen. Soulaang wéi et awer nach net méiglech ass, sinn d'Zuchbegleeder gebieden sech nach selwer am Sekretariat-PAT ze mellen. Soubal d'Ännerung aktiv ass ginn d'Zuchbegleeder doriwwer informéiert.

► Les délégués du personnel demandent que le personnel PAT soit informé au moins 7 jours calendrier à l’avance par appel téléphonique pour chaque changement concernant le tour de service à la suite d’un chantier entrainant un changement du lieu de la prise de service et/ou un décalage des heures de service non négligeable.

Hei hunn d'Personalvertrieder verséchert kritt, datt d'Zuchbegleetpersonal am Normalfall (Schantjen dee laang am Viraus bekannt ass) ëmmer am Viraus informéiert gëtt ma am Kader vu kuerzfristegen Ännerungen / Imprevue kann et mol virkommen dass kuerzfristeg muss adaptéiert ginn an dann d'Informatioun mol duerch d'Lappe geet. Dëst ass sécherlech awer vu kenger Säit gewollt an et gëtt e Rappell un dee jeeweileg Responsabel gemaach.

► Les délégués du personnel sollicitent la suppression de la soi-disant « Kurzwende » à Trèves dès que l’effectif du PAT le permet.

D'Personalvertrieder sinn informéiert ginn dass d'Intentioun op jiddwerfalls ass d'Kuerzwend zu Tréier erauszehuelen a soubal d'Personaldecken et zouléisst ass och rëm eng Paus zu Tréier virgesinn. Och am Roulement 2025 ass am Prinzip keng Kuerzwend fest ageplangt.

► Les délégués du personnel ont constaté que le projet de loi relative à la sécurité, la sûreté, l’ordre et la vidéosurveillance dans les transports publics et modifiant la loi du 5 février 2021 sur les transports publics a été déposé en date du 23.12.2023.

Les délégués du personnel demandent s’il est envisagé que les PAT peuvent/doivent constater/appliquer les infractions qui y figurent ou s’il est envisagé de travailler avec des constatateurs (p.ex. Police, Douane, contrôleurs des CFL, …) dédiés ?

D'Zuchbegleetpersonal gëtt, sou wéi et bis lo virgesinn ass, an dësem konkrete Fall "Constatateur" an de Ministère géing d'Strof ausschwätzen. Et ass awer nach vill ze fréi fir Detailer ze gi well just de Gesetzesprojet deposéiert ginn ass an ëmmer nach Ännerunge kënne getätegt ginn.

► Les délégués du personnel demandent une analyse objective reprenant les points favorables et défavorables concernant la création d’une gare d’attache à Wasserbillig. Les délégués du personnel estiment qu’il est préférable de publier le rapport d’analyse au personnel PAT.

Leider ginn et am Moment fir eis Responsabel ze vill Contraintë fir eng Gare d'attache zu Waasserbëlleg ze kreéieren. No der Renovatioun vun der Gare Waasserbëlleg, wou gréisser Aarbechten ustinn, muss dat Ganzt nach eng Kéier analyséiert ginn.

► Les délégués du personnel aimeraient connaître l’état d’avancement (p.ex. date de mise en vigueur) du projet de roulements temps partiel des agents PAT.

Déi nei Roulemente gi fir de Fuerplangwiessel am Dezember 2024 applizéiert.

► Les délégués demandent s’il est faisable d’afficher les voies pour toutes les marches hpv accompagnées par un PAT en vue d’éviter des appels téléphoniques au DP/PAT qui doit transmettre la demande au DM. Ceci plus concrètement dans les cas où le matériel ne se trouve pas à quai (CRM, Pétange, Bettembourg, …).

Déi Responsabel hunn eis informéiert, datt et och hei rëm vill technesch Contraintë ginn. De RAILOpt kennt eng Gare ma leider keng genau Gleiser an der Gare. Mat der neier Software vum "Betriebshofmanagementsystem" kéint deem entgéint gewierkt gi fir an Zukunft am RAILOpt souwuel d'Material, d'Personal an d'Ofstellgleiser anzeplangen. De Projet ass an der Pipeline awer e genauen Datum kann eis net genannt ginn.

► Les délégués du personnel revendiquent un nettoyage à fond (des carrelages) des sanitaires du PAT au bâtiment GV.

Déi Responsabel hunn eis verséchert, datt Demande relancéiert gëtt well et bis ewell net ëmgesat ginn ass. D'Ufro muss iwwer eng Demande duerch de Service Achat lafen. Zousätzlech soll dëst an Zukunft 2x pro Joer duerchgefouert ginn.

Personnel CV

► Les délégués du personnel demandent s’il est possible d’accorder / de refuser un congé bleu sollicité au moins 72 heures à l’avance contre actuellement que 24 heures à l’avance.

D'Responsabel vum AV-CV huet eis verséchert, dass ëmmer am Sënn vum Service a vum Agent agéiert gëtt. 24 Stonnen am Viraus huet een ëmmer e gudden Iwwerbléck iwwer d'Besetzung a kann sou nach, wann d'Personaldecken et zouléisst, méi oder wéineger spontan engem Agent fräi ginn. 3 Deeg am Viraus huet een dës genau Iwwersiicht nach net an et misst een da méi Congéë refuséiere wat sécherlech net am Interêt vum Agent ass.

► Conscient du départ en retraite bien mérité de deux agents occupant le poste « Portier AV », les délégués du personnel demandent s’il est envisagé de maintenir ce poste ?

D'Äntwert vun de Responsabelen op dës Fro war e klore "JO" a soumat ass e kloert Bekenntnis zum Erhale vun dësem Posten ausgeschwat ginn.

► Les délégués du personnel demandent s’il est prévu que le personnel du PROC puisse assurer ces fonctions alternativement au sein des différents P+R pour éviter des trajets vers la capitale et ainsi être en mesure d’augmenter le bien-être au travail ?

Déi Responsabel hunn eis informéiert, datt et net virgesinn ass, dass d'Agenten aus dem PROC (Park & Ride Operation Center) kënnen op enger anerer Plaz wéi zu Lëtzebuerg ze schaffen. Als Noutléisung soll et awer zu engem spéideren Zäitpunkt méiglech si sämtlech P+R och ausserhalb vum PROC operativ ze halen. Déi Responsabel hunn och d'Encadrement vun den Agenten an de Vierdergrond gesat wat weesentlech méi einfach ass wann een d'Agenten all an der Staat huet wéi op verschiddene Plazen am Land.

► Les délégués du personnel viennent d’apprendre que le supplément de traitement de 9 points pour les patrons de stage division AV-CV a été refusé par les responsables RH. Est-ce que les responsables AV sont d’avis que ce refus est justifié ou envisagent-ils de renégocier le supplément de traitement avec le service RH pour ne pas léser le personnel AV-CV ? Comment expliquent-ils que la qualité de service n’est pas jugée assez importante ?

Déi Responsabel vum Service AV hunn eng Demande un de Service RH gestallt fir och d'Ausbildung vum Personal aus der Divisioun AV-CV ze valoriséieren. Zum Zäitpunkt vun der Demande war awer net gewosst, dass d'Prime fir d'Ausbilder nëmme gëllt wann een en Agent op engem Sécherheetsposten ausbilt. Op d'Nofro, ob een d'Agenten net anescht kéint valoriséiere wann déi 9 Punkten Ausbildungsprime net méiglech sinn hu mir och leider keng zefriddestellend äntwert kritt.

► Une rumeur persiste que le fait du travail posté sans nuitées, comme p. ex. au CV de la gare de Luxembourg avec un début de service à 5 heures du matin ne peut pas être pris en considération pour combler les 20 années de travail posté afin de faire valoir le droit à une préretraite. Est-ce que les responsables AV peuvent confirmer ou non que le fait de commencer régulièrement avant 6 heures du matin donne droit à cette faveur ou si le service tiercé avec des nuitées est obligatoire ?

Déi Responsabel vum Service AV hunn eis eng Nott (202/07) vum 24. Juli 1989 aus dem deemolege Service du Personnel virgeluecht wou Dispositiounen erkläert sinn. Et ass ze bemierken dass een déi 20 Joer muss Vollzäit schaffen. Soubal Deelzäitaarbecht geleescht gëtt kann een d'Joren net urechne loossen. Zousätzlech mussen déi 20 Joer op engem Dräischichtesystem (Fréi-, Mëtten- a Nuetsschicht) geleescht ginn oder op engem fixen Nuetsposten. Dozou kënnt, dass d'Nuetsschicht sou definéiert ass, dass mindestens 3 Stonne vun der Nuetsschicht mussen tëscht owes 22 Auer a mueres 6 Auer geleescht ginn.

Als Conclusioun zum Beispill an eiser Fro ass gesot ginn, dass déi Stonn viru 6 Auer am Centre d'Accueil leider net zur Berechtegung fir d'Preretraite mat 57 Joer kann ugerechent ginn.

Encadrement AV

► En date du 23 avril 2024, certains responsables de cellule de la division AV-PAT ont reçu un courriel dans le cadre de la gestion par objectifs pour le télétravailleur qui servait à les mettre en garde en vue d’une éventuelle fin à l’autorisation de télétravail à la suite de négligences présumées des intéressés en cause. Or, à ladite date, les intéressés n’avaient tout simplement pas encore reçu les objectifs pour l’année de référence.

Les délégués du personnel aimeraient savoir s’il est envisagé de mettre en place un éventuel plan d’action à partir de l’année prochaine afin d’éviter de nouveau les mêmes désagréments.

De Chef de Service ass sech bewosst dass d'Mail onglécklecherweis an d'Finalisatioun vun den Objektiver vun de jeeweilegen Agente gefall ass. De Chef de Service huet awer och betount, dass déi concernéiert Leit den Teletravail kengesfalls ewechgeholl kritt hätte well et evident ass dass d'Leit zu deem Zäitpunkt hir Objektiver fir dat lafend Joer nach net haten.

Pour le SYPROLUX

Pedro Tavares

Jérôme Weyrich