Generalversammlung Sektioun Esch/Alzette 2024


E gelongene Start

Den 11. Oktober 2024 war et endlech rëm sou wäit. D’Sektioun Esch/Uelzecht huet sech fir hir Generalversammlung an der Taverne Boulevue zu Zolwer getraff. No enger kuerzer Begréissung duerch de Sektiounspresident Jérôme Weyrich huet de Sekretär Giuseppe Di Chio a gewinnt professioneller Manéier den Aktivitéitsbericht vum leschte Joer virgestallt. De Komitee huet sech ënner anerem 2 Mol op engem gesellegen Owend mat Owesiessen zesummefonnt wou nieft den Aktualitéitsthemen och déi tëschemënschlech Lienë gestäerkt gi sinn.

Um Enn vum Aktivitéitsbericht ass och un déi verstuerwe Membere vun der Escher Sektioun geduecht ginn. E besonnesche Gedanken ass awer och un de Jean-Paul Schmitz gaangen deen eis dëst Joer um 13. Juli verlooss huet.

Merci Venant

Dëst Joer konnt déi Escher Sektioun e laangjäregen, treien an nach ëmmer aktive Member a senge Reien éieren. 50 Joer ass de Venant Theisen dem Syprolux mëttlerweil schonn trei. De Venant wunnt säit enger Zäit schonns zu Selchent an der Gemeng Wolz ma ass der Sektioun Esch nach ëmmer trei bliwwen. De Venant ass nach ëmmer aktiv am Komitee fir eng Hand mat unzepaken an ass ëfters Gaascht op offizielle Veranstaltunge vum Syprolux.

D’Keess stëmmt

Nom Aktivitéitsbericht huet de Keessjee Roger Weyrich de Keesebericht vum Joer 2023 presentéiert. D’Keess gouf de 7. Oktober vun de Keessekontrollere Roger Wadlé a Romain Laures kontrolléiert. Et gouf keng Beanstandung. D’Kees weist iwwer déi lescht Joeren e konstant positive Bilan an de Komitee huet dem Roger d‘Decharge fir d’Joer 2023 ginn.

Wale vum Komitee an de Keeserevisoren

Fir an de Komitee haten sech follgend Membere gemellt déi och alleguer eestëmmeg ugeholl gi sinn.

Jérôme Weyrich President

Venant Theisen

François Duhr

Pedro Tavares  Vizepresident

Paul Kettels

Ed. Mallinger

Giuseppe Di Chio - Sekretär

Fernand Heinz

Romain Liber

Romain Biver Keessjee

Magali Heinz

Markus Beckmann

Soumat besteet de Komitee vun der Escher Sektioun aus net manner wéi 8 aktiven Eisebunner déi kompetent Hëllef an Ënnerstëtzung kréien.

Eestëmmeg sinn och eis 3 Keessekontrolleren erëmgewielt ginn déi eisem Keessjee mat geschoultem A iwwer d’Schëller dierfe kucken.

Roger Wadlé

Romain Laures

Marc Schroeder

Interventioun vun der Leedung

Am Numm vun der Leedung huet de François Duhr d’Wuert geholl an eis iwwer d’Schwieregkeete vun der Instruction Générale 15 déi d’Astreinte reegelt informéiert. Op der Hand loung och datt iwwer deen neien Ordre Général 41 – Mataarbechtergespréicher geschwat gouf. Zu gudder Lescht gouf och nach eemol op de Walerfolleg an de Sozialwalen erënnert wou de Syprolux fir d’éischt säit senger Grënnung 5 Sëtz an der Zentraldelegatioun konnt gewannen.

No der fräier Aussprooch an dem Festleeë vun der éischter Komiteessitzung am neie Joer, déi de 15. Januar stattfënnt, huet de Komitee en Iessen offréiert.

De Komitee vun der Sektioun Esch/Uelzecht