Update uum Dossier Galopp- und Schichtarbeit: Mit Ruhezeiten und Work-Life-Balance zu mehr Sicherheit 17.01.25


Tiercé am EI – Update aus dem Comité de Suivi Réglementation RH, den 17. Januar 2025

De 17. Januar 2025 ass de Comité de Suivi règlementation RH zesumme komm. Ewéi den 10. Januar 2025 ausgemaach, hu mer der RH-Direktioun d’Géigepropose vum Déngschtplang fir den Tiercé am EI mat 6 – 8 – 10 Stonnen ënnerbreet.

Als SYPROLUX hu mer op eng verbessert Sécherheet an Ofwécklung vu Chantier higewisen, déi ka gewäert ginn, well ebe keng Ofléiss misst gemaach ginn no enger 8 Stonnen-Schicht. E Chantier gëtt mat enger 10-Stonne Schicht vun engem an deem selwechte Fahrdienstleiter ofgewéckelt.

Mer hunn och d’positiv Auswierkung vun enger 6 Stonne Fréischicht ervirgestrach, déi den Agenten eng besser Worklife-Balance erméiglecht.

Weider hu mer och iwwer Aspekter, wéi dem Primeverloscht geschwat. An op der anerer Säit awer och op de positive Punkt, datt duerch eng 5. Tour, Kolleeginnen a Kolleegen eventuell éischter aus der Reserve kommen. Hei ass unzemierken, datt mer och drop gedrängt hunn, datt den Déngschtplang vun de Reserviste muss éischter erauskommen, well och d’Kolleeginnen a Kolleegen aus de Resere hunn e Recht op Planbarkeet.

Den RH Direkter huet um Enn vun eisen Erläuterunge Versteesdemech fir d’Situatioun vun eise Fahrdienstleiter ausgedréckt. Hien vu senger Säit aus huet d’Géigepropose vu Spezialisten am Déngschtopstellen nokucke gelooss, bzw iwwerschaffe gelooss.

D’Gewerkschafte sollen dëst Dokument zäitno matgedeelt kréien. Di wichtegst Ausso vum RH-Direkter war awer, datt hien sech bereet erkläert huet fir iwwer de Modell 6 – 8- 10 Stonnen ze diskutéieren an datt hie sécher ass datt mer eis do wäerten eens ginn.

Diskussiounsbedarf wäert awer nach a punkto Moyenne vun der wéchentlecher Aarbechtsdauer sinn. Well dës Moyenne an d’Unzuel vun den Iwwergäng direkt Repercussiounen op de Personalbestand wäerten hunn. An an deem Fall schwätzt nach en aneren Acteur mat an dat ass de Ministère an dëst am Kader vun der Enveloppe budgétaire fir de contrat de service public rail.

Esou wäit de Resumé vun haut.

De Freiden 24. Januar 2025 um 13:00 Auer, invitéieren mer Iech fir en 2. Treffen op d‘Generalsekretariat vum SYPROLUX. Mer wellen mat Iech zesummen eis beroden, di vum RH ugekennegt Upassungen am Déngschtplang analyséieren an di weider Verhandlungsschrett beschwaetzen.

Jiddereen ass wellkomm.

Den Comité de Suivi RH kennt den 31. Januar 2025 fir d‘nächste Kéier zesummen.

matgedeelt vun der SYPROLUX-Leitung

Lëtzebuerg, den 17. Januar 2025