Der Kongress vom SYPROLUX wurde ein weiteres Mal nur mit den Delegierten vor Ort im Generalsekretariat abgehalten. Selbstverständlich konnten interessierte Mitglieder den Kongress live über Videokonferenz verfolgen.
Da der beigeordenete Generalsekretär Frank Dumont krankheitshalber fehlte trug der Generalsekretär Steve Watgen den SYPROLUX-Tätigkeitsbericht vor.
Der SYPROLUX, die einzige 100% Eisenbahngewerkschaft, legt Zeugnis über ein gewaltiges Arbeitspensum im Eisenbahnsektor ab. Trotz schwierigen Verhandlungen bei bestimmten Punkten (OG10, Fiche de poste, HR, Télétravail, CET, Covid-Reglungen …) hat man sich geeinigt und Verbesserung herausgeschlagen. Dank der grossen Verhandlungsbereitschaft im Interesse des Personals sind wir als SYPROLUX immer wieder an den Verhandlungstisch zurückgekehrt um unsere Forderungen und Beanstandungen durchzusetzen.
Nichtdestotrotz können wir mit ruhigem Gewissen behaupten, unser Bestes gegeben zu haben und die meisten Bediensteten zufrieden gestellt haben.
Viele SYPROLUX-Militanten (innen) aber auch viele andere Eisenbahner (innen) haben uns bei den Sozialwahlen im Jahre 2019 durch ihre Unterstützung aufgezeigt, dass wir auf dem richtigen Weg sind. Auch in Zukunft steht der SYPROLUX in der Mitverantwortung. Um diese Mitverantwortung und Mitbestimmung zu bekommen haben wir gekämpft. Mit einem tollen Team, haben wir es geschafft ein gutes Wahlergebnis zu erreichen.
Immer wieder mussten wir als SYPROLUX die CFL-Direktion auf verschiedenartige Missstände hinweisen, diese waren zum Beispiel: der Strafen-Katalog, culture juste, bei Einstellungen, bei Einteilung in verschiedene Laufbahnen, dem Personalbestand, den Arbeitsbedingungen und weitere. Viele sind eng miteinander verflochten und überlappen sich.
Darüber hinaus mussten die CFL-Verantwortlichen davon überzeugt werden, dass in erster Linie der Mensch als solcher steht und dann erst sein Kostenfaktor. Zufriedene Arbeiter, in Verbindung mit einem gepflegten Sozialdialog sind der Schlüssel zum Erfolg. Um dies zu erreichen benötigen wir weitere Veränderungen und Anpassungen, diese zählen zu den kommenden großen Herausforderungen, welche sich der SYPROLUX gesetzt hat.
Trotz des gratis öffentlichen Transportes und der Covid-Pandemie stagniert die Zahl der Aggressionen im öffentlichen Transport auf einem hohen Niveau. Des Weiteren nimmt die Zahl der Dealer, Drogenabhängige und den alkoholisierten Obdachlosen am und um die Bahnhöfe zu, was kein positives Zeichen ist, da auch hier die Bereitschaft zur verbalen und physischen Gewalt zunimmt. Die CFL-Direktion muss sich Gedanken über Gegenmaßnahmen machen und kann den Ball nicht immer zu den Gemeinden oder der Stadt Luxemburg spielen. Darum fordern wir als SYPROLUX schon lange eine Polizeieinheit für den öffentlichen Transport. Diese Einheit wäre unter anderem für den öffentlichen Transport (Zug, Bus und Tram) sowie für die öffentlichen Plätze (wie Bahnhöfe, …) zuständig.
Im Zentralausschuss (DC) sollen in den kommenden Jahren anhand der neuen CFL-Strategie die Weichen für eine noch sichere und kundenfreundlichere Zukunft gelegt werden. Auch das „Wir“-Gefühl soll im CFL-Betrieb weiter gestärkt werden. Als SYPROLUX werden wir diese Vorhaben kritisch begleiten, Veränderungsvorschläge analysieren und uns im Sinne des CFL-Personals und unseren Kunden positionieren.
Die Entscheidung der Regierung das Investitionsprogramm für neue Infrastrukturen weiter zu führen und noch zu erweitern wurde seitens der CFL und den Gewerkschaften mit großer Begeisterung aufgenommen. Hierdurch sind die genehmigten und die in Planung befindlichen Infrastrukturobjekte gewährleistet um auch in Zukunft den CFL-Kunden größtmögliche Sicherheit, Komfort und Pünktlichkeit im Eisenbahnverkehr zu gewährleisten.
Trotzdem müssen weitere Einstellungen in den richtigen Sparten erfolgen, um diese Infrastrukturprojekte zu begleiten und um die CFL-Mannschaften zu entlasten.
Auch wegen der Covid-Pandemie wurde das Leben langsamer, wir alle wurden ausgebremst. Trotzdem sind etliche CFL-Maßnahmen und Reglemente angepasst worden. Der „Télétravail“ wurde offiziell eingeführt und auch der CET steht in den Startlöchern. Der Strafenkatalog (OG10) wurde umgeschrieben und der heutigen Zeit angepasst. Leider steht die „culture juste“ nicht immer im Mittelpunkt. Des Weiteren wurden die „fiche de poste“ vervollständigt, leider fehlen diese immer noch bei einigen CFL-Betrieben. Positiv ist jedoch, dass diese „Fiche de postes“ digitalisiert werden sollen.
Der Weg der Gewerkschaften ist gezeichnet durch viele Rückschläge und Erfolge die lange auf sich warten lassen. Nichtsdestotrotz werden wir den Mut bewahren und uns mit Kraft unseren neuen Aufgaben stellen. Genau jetzt steht Kampfgeist, Einigkeit und Zusammenhalt an erster Stelle, denn nur gemeinsam können wir die Probleme der Zukunft angehen. Für den SYPROLUX, stand schon immer der einzelne Mensch im Mittelpunkt, demzufolge zählt jedes einzelne Mitglied. Mit vereinten Kräften wird ein großes Arbeitspensum zu bewältigen sein und hierzu ist der SYPROLUX mit seiner derzeitigen Mannschaft gut aufgestellt. Wir sind voller Tatendrang und bereit den SYPROLUX auch in Zukunft in die richtige Richtung zu führen.
Uerdentlech Generalversammlung Mutuelle SYPROLUX
Wéi all Joer huet eis Stierfkeess dovu profitéiert fir während dem Kongress vun der SYPROLUX Transportgewerkschaft hir uerdentlech Generalversammlung ofzehalen.
Dëst Joer konnt eise President Frank Dumont leider net live mat derbäi sinn ma de Frank war digital zougeschalt an huet d’Generalversammlung vun doheem aus verfollegt.
Et war flott all d‘Memberen ënnert den aktuelle Sécherheetsmoosnamen, spréch ënnert dem Covid-Check rëm ouni bloen, rosaen, schwaarzen oder wäisse Rideau virum Gesiicht ze gesinn.
Nodeems eis Stierfkees déi lescht Generalversammlung am November 2020 zu Péiteng genotzt hat fir hir Statutten dem aktuelle Mutualitéitsgesetz unzepassen hate mer eis aktuell Statutten un de Ministère fir sozial Sécherheet erageschéckt. De Minister Romain Schneider huet eis Statutten och gutt geheescht an eis de 27. Oktober 2021 dës an engem Schreiwes matgedeelt. Zousätzlech huet de Minister eis e puer Verbesserungsvirschléi matgedeelt déi mer an eiser nächster uerdentlecher Generalversammlung mat afléisse loossen.
Aktivitéitsbericht
Trotz Covid-19 an den Aschränkungen déi duerch de Virus entstinn huet d’Mutuelle SYPROLUX un e sëllegen Aktivitéiten deelgeholl.
Ënnert anerem hate mer de 9. Mäerz 2021 eng Komiteessëtzung an den 15. Mee huet de Manou Mullenbach fir eis Stierfkeess un der uerdentlecher Generalversammlung vun der FNML deelgeholl. Eise President de Frank Dumont huet de 19. Juni un der uerdentlecher Generalversammlung vun der CMCM deelgeholl.
An der Summervakanz, de 9. August hu mer eis rëm fir eng Komiteessëtzung zesumme fonnt. E flotten Owend haten dann de Manou, de Paul, den André an d’Viviane wéi si zu 4 um Staminet vun der CMCM deelgeholl hunn.
Walen
Wéi an eise Statutte virgesinn goufen och dëst Joer Wale fir de Komitee vun eiser Stierfkees ofgehalen. All d’Membere sinn de Statutte no austriedend awer rëm wielbar.
Zur Wal gestallt hu sech den André Dhur, de Frank Dumont, de Paul Gries, de Gilles Kneip, de Manou Mullenbach, de Jean-Paul Schmitz, d’Viviane Weis an de Jérôme Weyrich.
All d’Kandidate goufen eestëmmeg duerch Akklamatioun ugeholl.
Déi genee Zesummestellung vum Komitee gëtt wéi gewéinlech an der éischter Komiteessëtzung festgeluet.
Budget 2022
Fir de Budget vum Joer 2022 opzestellen hate mer d’Méint Januar bis September 2021 vun eiser Fiduciai-
re comptabiliséiert kritt a konnte sou e Budget fir d’Joer 2022 opstellen.
No de néidegen Erklärungen ass de Budget zur Wal gestallt ginn an eis Memberen hunn dësen duerch Akklamatioun ugeholl.
Berichter vun de Betribskommissioun
AV-Kommissioun Gratis ëffentlechen Transport
Den 23. November 2019, bei eisem leschten Delegéiertendag zu Lëtzebuerg, war aus AV-Siicht déi gréissten Erausfuerderung, de gratis ëffentlechen Transport deen huet mussen ëmgesat ginn.
Op den 1. Mäerz 2020 ass dësen a Kraaft getratt wat ënner anerem d’Fermeture vu sämtleche Guicheten bis op d’Gare Lëtzebuerg an d’Gare Belval-Universitéit mat sech bruet huet. Dëst bedauere mer nach ëmmer an et ass weiderhin net verständlech firwat zum Beispill déi ganz Nordstreck net ee Guichet méi huet.
Eis Zuchbegleeder hunn als weider Tâche d’Aufgab kritt generaliséiert Begréissungsannoncen an den Zich ze maachen. Dëst soll d’Bild vum Zuchbegleeder stäerken an d’Clienten solle wëssen datt sech zu all Moment eng Persoun am Zuch befënnt déi fir hir Sécherheet do ass.
Wann een iwwert den AV schwätzt dann denkt ee fir d’alleréischt un d’Zuchbegleeder*innen an un eist d’Personal an de Billjeesguicheten ma et si ganz vill Leit aus dem Service AV dagdeeglech fir eis Clienten erreechbar. Et soll bemierkt sinn, datt den AV och de Parking vun der Gare Lëtzebuerg geréiert sou wéi de Portier vun der Gare Lëtzebuerg stellt. Genau sou sinn eis Leit am CallCenter an dem Renseignement fir d’Clienten disponibel. Derbäi kënnt eis Manutantioun, de Guichet Bagages an dem Service vun den Objets Trouvés déi fir eis Clienten no baussen visibel an am Asaz sinn.
E Bléck an d’Zukunft
Ganz positiv bewäerten kann een awer d’Investitiounen déi am AV getätegt ginn fir mat der Zäit ze goen. Ënnert anerem ass de CallCenter moderniséiert ginn a gëtt mam Renseignement zesumme geluet. Zousätzlech gëtt de Guichet vun der Gare Lëtzebuerg moderniséiert a kënnt gutt visibel an d’Gare do wou bis elo d’Mobilitéitszentral war.
Zousätzlech scheit de Service AV net an d’Digitalisatioun z’investéieren wat an dësen Zäiten sécherlech en Objektiv ass hannert deem ee voll a ganz ka stoen.
Mat e bësse Suerg kucke mir awer op de Projet vun de Kompetenzerweiderungen vum Zuchbegleetpersonal. Dacks hunn eis Personaldelegéiert nogefrot op et Neiegkeete ginn ma leider schéngt dëse Projet net richteg virun ze kommen. Hei géinge mer déi Responsabel vun eisem Service nach eemol bieden bei eise Politiker nozehaken.
Erlaabt eis och nach en Ausbléck op eise Kontrakt mam Staat deen am Joer 2024 ausleeft. An dësem Kontrakt gëtt et e ganz wichtege Saz aus der Siicht vun eisen Zuchbegleeder. Dëse Saz hält fest, datt an all Zuch mindestens 1 Member vum Zuchbegleetpersonal muss matfueren. Als AV-Kommissioun géinge mer déi Responsabel vum SYPROLUX bieden sech dofir anzesetzen datt dëst och am neie Kontrakt sou däitlech steet.
En*g Zuchbegleeder*in gëtt leider ëfters vollkomme falsch vun eiser Clientèle wouer geholl. An éischter Linn sinn Si all Dag mat vill Devouement fir d’Sécherheet vun eise Clienten am Asaz. An de Statistiken déi mer ëmmer kréien gëtt och nëmme vu negativen Amenter a Verbindung mat eisem Zuchbegleetpersonal geschwat (Aggressiounen, Incivilitéiten). Flott wier et awer mol ze wëssen wéi oft datt eis Leit an den Zich mussen de CGDIS alertéieren well et engem Client net esou gutt geet. Dëst ging verdäitlechen datt eis Zuchbegleeder*innen an éischter Linn fir d’Sécherheet do sinn.
Eng Bemierkung zum Landesverband
Erlaabt eis als AV-Kommissioun awer nach zum Schluss eng Remarque zum OGBL-FNCTTFEL-Landesverband. Et soll awer keen ugegraff oder blesséiert ginn mat dësen Aussoen.
Wäerend de Sitzungen mam Chef de Service kënnt et leider ëmmer nees zu Situatiounen déi eis, bei engem gutt funktionéierende Sozialdialog, sécher net weiderhëllefen. Mol dauche keng Froe vum Landesverband op, mol dauchen hir Froen op, awer dofir net ee Personaldelegéierten vum Landesverband. E Minimum u Respekt vis-à-vis vum Chef de Service, deen sech Zäit hëlt fir konstruktiv Diskussiounen, muss sinn. Wéinstens un- an ofmellen sollt dach awer méiglech sinn.
Dëst spigelt d’Engagement an d’Aarbechtsverdeelung tëscht deenen 2 Gewerkschaften perfekt erëm déi scho säit längerem zu 100% beim SYPROLUX läit.
MI Kommissioun
Viran 2 Joer hatte mir eisen letzten Delegeiertedag, wat lo de Kongress ass, am Convict. Eis Personalvertrieder kommen regelmässig mam Chef de service zesummen, wou mer Äntwerten op eis Froen sollen kréien. Ech wollt hei eemol kurz iwert verschiiden Dossieren Rapport machen.
Wi mir all wessen, waren di letzt zwee Joern net su einfach vir eis all. De Covid-19 huet villes mat sech bruecht. E gouf oft als Excuse virgedreckt, och wann et keng Excuse wor. Mir woren am Joer 2020 leider net vill em Terrain ennerwee, mee eis Vertrieder woren ewer emmer errechbar. Mir selwer hun da vill mat Video Telefonater geschafft. Dovir ass et em su schéin dat mer hei zesummen sin.
Emmer rem ass den Effectif en Thema. Mir froen emmer rem di genau Zuelen pro équipe vun der Vergangenhet, dem Ist-Zoustand an dem wat virgsin ass. Andems eis di genau Zuelen virenthalen gen, kanne mir eis Arbicht net richtig machen. Dat et Personalmangel get, ass ewer iderengem kloar. Wann zB Entretins Arbichten an extern Firmen vergin gen, da wess en dat Lompen stenken.
Et gouf eng Reorganisation vun der filière specialisée voie. Well hei Arbichten emmer mei komplex gin, get et lo zwou Flilièren. Orientation Expotation Infra an Orientation travaux Infra.
Fir eng besser Plannungssecherhet vir Matarbichter ze kreien, froen mer zait langem en Tableau de service, wou Nuecht a Weeksarbicht berücksichtegt get. Hei soll demnächst eppes virgestallt gen.
Och an der Astreinte sollen Reglementer iwerschafft gen (IG 15 an IG33). Ent éischt Arbichtspapeier get et well. Mai o hei ass de Wee nach lang.
E Schratt weider sin mer am Horraire mobile den et mettlerweilen get. Ganz kloar ass hei ewer nach net alles. zB wann en am Horraire mobile an Nuecht get, wat net virgesin ass.
En annere Punkt, dem emgesat gouf, ass den Teletravail. O wann hei Pandemie Sach ant Hand gehol hat.
Travaux en Hauteurs ass och rem opgetaucht. Foramtion, Gestion vum Klammgeschiir oder mol iwerhapt Homologation vum Steigschutz waren hei Thema. Oder wie fönd e raus op en agent apte ass vir ze klammen.
Bei de Kleeder ass Testphase riwer, an hei wert demnächst bestallt a geliwert gen.
Bei den Dengstautoen get et o emmer rem e Mangel. Bestellungen hänken dem Besoin hannedru. Hei get sech vill mat INTRALUX Autoen geholf.
Et get emmer mei proplematisch vir bei de Garen Parkplatzen ze fannen vir op an of ze lueden, bei engem Dépanage oder einfach bei normalem Entretien.
Piste lanzt Gleiser senn net emmer an engem gudden Zoustand. Hei get et mol keen Relevé vum Zoustand van de Pisten.
Ent neit MI- Gebai em Site Letzebuerg ass geplangt. Hei gouf et en Architekten Wiessel. 2024 soll dat fertig sin. Mat knaps genuch Platz vir Dengstautoen vir di 12 équipen di hei op de Site sollen zesummen kommen.
Am August 2019 gouf et en Torando an der Region Péiteng. Et gouf grousse Schued am Gebai vun der Voie. Hei kann de Covid-19 keng Excuse sin, dat et bal e Joer gedauert huet, bis hei eppes geschitt ass.
Eis Personalvertrieder sin de Ramiro De Sousa Valente, Ed Mallinger und Nelson Gouvinhas Costa, sowie den Ersatzdelegeirten Romain Liber, Fraenz Duhr und Marc Langers. Mir wenschen hinen eng glecklich Hand und Nerven ewéi Tramschinnen!
BU-Kommissioun
Wéi mir alleguerte wëssen, war d‘Joer 2020 fir keen vun eis eent wéi all déi Joren virdrun. Quasi vun enger Minutt op déi aner war eist Liewen net méi wéi mir et kannt hunn, sief et am Privatliewen grad ewéi op der Aarbecht. Wat den Busbetrib ubelaangt, hunn mer zu kengem Moment opgehale mat schaffen – nee – mir sinn nawell ganz féx als „systemrelevant“ aklasséiert ginn. A wa mir och am Ufank vum Confinement applaudéiert kruten, hunn mir awer am Laf vun de Wochen a Méint misste feststellen, dass deen knaschtege COVID nawell dacks als Virwand mëssbraucht ass gin, fir geplangte Saachen ze verréckelen resp. z’annuléieren.
Dofir géing ech gär déi puer Evenementer just an chronologescher Suite ernimmen, déi dann awer nach stattfonnt hunn:
2020:
• Eis Assemblée générale hu mir esou just nach den 7. Februar 2020 ofgehal.
• Sëtzungen vun eiser Kommissioun hate mir jeeweils den 17. Februar, den 19. August an den 11. Dezember. Leider hunn mir do all Kéiers misste feststellen, dass den participativen Interessi vun eise Memberen nawell net grouss war.
• Reuniounen mat dem Chef de Service vum CFL-Busdéngscht hate mir den 16. Juni (amplaz den 17. Mäerz), den 22. September an fir d‘ lescht den 7. Dezember 2020 • Do sinn och all Kéiers Rapport’en geschriwwen an publizéiert ginn.
2021:
• Keng Assemblée générale
• Den 2. Februar hate mir eng Entrevue bei eisem Cds iwwert Teams, wou mir zesumme mat der Leedung vum SYPROLUX e puer ganz „kachgliddeg Eisen“ ugepaakt hunn, an wou eisen Chef de service sech ë.a. zu der dach memorabeler, mee leider onhonorabeler Ausso verleede gelooss huet, dass mir am BU jo net Eisebunn wieren !!!???
Mir alleguer hunn nom éischte Schock iwwert déi Ausso zesumme mam Mylène en Artikel publizéiert, wou mir eis ganz kloer manifestéiert hunn, dass de BU wuel och Eisebunn ass.
Sëtzungen vun eiser Kommissioun waren all Kéiers virun de „Chef de service“-Sëtzungen, déi den 23. Abrëll, den 25. Juni an 21. September stattfonnt hunn. Déi lescht fir dëst Joer wäert den 7. Dezember sinn.
Desweideren hunn mir als BU-Kommissioun vum SYPROLUX vill Zäit an Energie investéiert, fir punktuell an strukturell Problemer am direkten Echange mat eiser Obrëgkeet ze léisen, wéi z.B. eng Partie Inkoherenzen am Kontext vun den ordonéierten Covid-Mesuren vun der Eisebunn an der Applikatioun dovun an eisem Service. En plus musse mir leider ëmmer erëm feststellen, dass vun dem een oder anere "Chef" den Personalstatut resp. eis Aarbechtskonditiounen sollen "ad absurdum" gefouert ginn. Dëst erfuerdert vill Aarbecht an Diskussiounen mat an fir eis Leedung, wéi z.B. d' Consultatioun vun der "D.C.", der "Cellule de réglementation RH" an och nawell dacks dem „Comité de suivi RH“.
Wichteg z‘ ernimmen as och, dass mer als BU-Kommissioun den 3.November esouguer bei eisem AV-Direkter Marc Hoffmann hu missten virstellëg ginn, fir verschidden Sujets’en „op d’Tapéit“ ze brengen, mat denen mer –esouwäit et den „Discours“ betrefft, bei eiser Obrëgkeet am BU just nach op der Plaatz getrëppelt sin.
Finalement bleift ze soen, dass mir als BU-Kommissioun weider wäerten no beschtem Wëssen an Gewëssen schaffen, fir d' Interessien vun de Kolleeginnen an Kolleegen am BU ze vertrieden an ze verdeedegen!!!
Vive de SYPROLUX !!!
EI-Kommissioun
Enn 2020 gouf et grouss Diskussiounen iwwert „d’Attribution des tours de service“ am Service-EI. Des Diskussioun ass bis a „Délégation Centrale du Personnel“ gaangen.
An enger definitiver Note (réf: 12/21 EI vum 15.03.2021) gëtt elo Distributioun vun den Toure gereegelt. Net alles ass esou festgehale ginn, wie mir als Personaldeleguéierten aus dem EI dat wollten, an awer konnt Schlëmmeres verhënnert ginn. (Stéchwuert 12 Joer soll een op engem Poste bleiwen ier ee kann eng Demande maache vir op en anere Posten, dat krute mer z.B. reduzéiert op 5 Joer)
Am Laf vum Joer goufe vill klenger Problemer festgestallt: Ënnert anerem goung dat vun falschen ATRA’s, blockéierte Pisten iwwert Sandwich-Automaten a Parkplazproblemer bis en Guidage vir Blanner deen an den Nirvana gefouert huet. 90% vun dëse klenge Problemer konnten awer behuewe ginn.
Et war wat gréisser Problemer am EI ugeet, en éischter rouegt Joer dat leider nach ëmmer vill vum Covid-19 dominéiert gouf.
TM-Kommissioun
Hei de Rapport vun eisen Aktivitéite vum Joer 2021 am TM
Am Januar ware mir 4 Deeg als Observateur am Simulator am BAS dobäi ( 11 bis den 14 Januar )
Am Februar ware mir 1 x am Dôme an engem Examen Infrastrukture
De Mäerz ware mir an enger Versammlung hei am SYPROLUX, haten eng Preparatiounsitzung fir bei de Chef Service, waren am Dôme an engem Examen, hate mat den Hären Marx, Bermer a Schmalen eng Reunioun am SYPROLUX wéinst verschiddene Froe betreffend der BLZ an och nach eng Chef de Service Sitzung.
Den Abrëll si mir op en Depassement geruff gi an hunn och zwee Deeg am Dôme am Examen Infrastructure verbruet.
De 4. Mee hate mir moies eng Visite mat der Leedung am Atelier / CRR / Hall de nettoyage an nomëttes e RDV mam Marc Schaeffer.
Den 11. mee hate mir mëttes erëm eng Viirbereedungssitzung fir bei de Chef Service.
De Juni ware mir 4 Deeg am Dôme am Examen, haten en Depassement wou mir geruff gi sinn an hunn och un engem Conseil d’enquête deelgeholl.
De Juli war et méi roueg a mir hate just een Depassement, wou mir am Asaz waren.
De 25. August hate mir eng nees eng Virbereedungssitzung fir bei de Chef de Service mëttes am SYPROLUX.
De September wuer en heftege Mount, wou mir 8 Deeg laang un verschiddenen Examen deelgeholl hunn a mir haten och eng Chef Service Sitzung den 23ten moies.Mëttes ware mir am SYPROLUX fir de Rapport fäerdeg ze maache vun där Sitzung.
Och den Oktober war erëm vill lass: 3 Kandidaten hu mir am Simulator begleet, 4 Kandidaten haten Examen an der Conduitee a 4 Kandidaten haten hiren Examen am Dépannage 4000er/ Voiture. Den 18. Oktober hate mir och erëm eng Viirbereedungssitzung fir bei de Chef Service.
De 25. Oktober ware mir mëttes am Atelier Central, wou den Här Baden säi Service virgestallt huet an och duerno op verschidde Froen betreffend RH agaangen ass.
Den 28. Oktober ware mir mëttes am Atelier, wou mir di nei Rail / Route presentéiert kritt hunn.
Den 30. Oktober si mir erëm op en Depassement geruff ginn.
Den 09. November hu mir deelgeholl am Centre de Conférence um Projet "antitabagisme" an haut si mir elo hei um Kongress.
Geplangt fir den Dezember ass elo emol, den 02. di leescht Chef Service Sitzung nomëttes an nach eng kleng Iwwerraschung de 7ten mat der Leedung am CRM.
Die Delegierten der Eisenbahnergewerkschaft SYPROLUX versammelt auf ihrem Kongress in Luxemburg/Stadt, am 19. November 2021 verfassten folgende Resolution.
Worte die nicht mit Taten übereinstimmen sind unwichtig
Mit dem Jahr 2021 schreiben wir das 2. Jahr der Covid-19 Pandemie. Wir leben eigentlich in einer neuen Zeitrechnung in der eine Spaltung unserer Gesellschaft in der wir leben unübersehbar ist und die Schere zwischen arm und reich in unserem Land offensichtlicher denn je ist. Im Jahr 2020 waren 125.091 Menschen von Armut und sozialer Ausgrenzung betroffen. Mit einer Arbeitslosenquote, die bei 6,5% für das Jahr 2021liegt, sieht die Lage nicht rosig aus.
Als Eisenbahnerinnnen und Eisenbahner haben wir demnach Glück, dass bei den CFL weiterhin eingestellt werden kann und durch unser Personalstatut uns solche Existenzängste erspart bleiben. Dies bedeutet aber nicht, dass in unserem Betrieb alles in Butter ist.
Mit dem Personalbestand betreibt man kein Spiel
Und doch stellen wir uns die Frage ob so manche CFL-Verantwortliche ihre Personalbestandsberechnungen mit einer Partie Kniffel verwechseln. Wie sonst soll man sich erklären, dass so mancher Dienstzweig nicht mal einen klaren Ist-Zustand seiner Personaldecke auf ein Blatt Papier bekommt.
Als SYPROLUX fordern wir daher vehement, dass der Sozialdialog in Punkto Diskussionen um den Personalbestand gründlich umgekrempelt und eine klare Prozedur erarbeitet wird, welche folgendes vorsieht:
1. eine klare Zeitschiene, der einzelnen Etappen (von der Ebene des einzelnen Chef de Service, über die Finanzabstimmung bis hin zur Vorstellung und Annahme der Vorlagen in der Zentraldelegation) festhält bis zu dem Moment, wo der CFL-Verwaltungsrat über die Haushaltsvorlagen abstimmt;
2. eine Prozedur, die eine Zeitschiene festlegt:
• wann der Ist-Zustand des Personalbestandes in den einzelnen Sparten (Service) den Personalvertretern vorgestellt wird;
• wann die Personalvertreter ihre Beanstandungen und Vorschläge machen können und so eine gemeinsame Position zum Personalbestand eines Dienstzweiges erstellt werden kann;
3. eine einheitliche Darstellung des Personalbestandes, nach Dienstellen, Berufen, Laufbahnen, Graden basierend auf dem jeweiligen Organigramm einer Sparte (Service);
4. einen uneingeschränkten Zugang zur Personsalentwicklung und den Fiches de postes für die Personalvertreter der Zentraldelegation.
5. Bei der Schaffung neuer Arbeitsposten, Berufsbildern oder Laufbahnen muss die Betriebspersonaldelegationen und die Zentraldelegation von Anfang an mit eingebunden werden.
Der Sozialdialog ist für uns als SYPROLUX ein Stück Unternehmenskultur
Trotz Pandemie und deren Einschränkungen ist es uns als SYPROLUX gelungen zusammen mit der RH-Direktion konstruktiv an einer Reihe von Projekten zu arbeiten. Eine Neuregelung im Bereich des Kapitel XII, der Generalorder N°3 (inaptitudes) wurde erstellt, das Homeoffice wurde über die IG39 eingeführt, und nicht zu letzt wird das Zeitsparkonto (CET) ab dem 1/1/2022 in Kraft treten.
Doch was uns als SYPROLUX nicht gefällt ist der Umgang mit diesen Entscheidungen, welche in langwierigen Gesprächen und manch zäher Verhandlung doch schlussendlich zu einem positiven Resultat geführt haben.
So warten wir noch immer auf die Umsetzung der Neuregelung für unsere Kolleginnen und Kollegen, welche in ihrem initialen Beruf in die Arbeitsunfähigkeit abrutschen. Mit dieser Neuregelung werden aber eine Reihe von Ungerechtigkeiten im System behoben und dem Mitarbeiter eine berufliche Perspektive gegeben.
Als SYPROLUX gaben wir unser Einverständnis zur Einführung der Zeitsparkonten. Es gibt aber noch keine klare Prozedur zur praktischen Umsetzung für die einzelnen Dienstbereiche.
In Punkto Homeoffice (télétravail) laufen derzeit Debatten wie man die Arbeitsposten, welche über “gestion par objectif” festgelegt sind, bewerten soll. Hier ist der Informationsfluss seitens der RH-Abteilung total wirr gewesen. Anstatt die Dienstchefs und diejenigen, welche in Frage kommen solche Bewertungen abzugeben erstmal zu informieren und den Sekretariaten den Auftrag zu erteilen Schulungen zu planen, wurde nun mit einer unvollständigen Sammelmail die Belegschaft in Aufruhr versetzt.
Des Weiteren versucht man seitens der Direktion die IG39 und das Projekt der Mitarbeitergespräche dauernd zu vermischen. Hierzu sagen wir ganz klar als SYPROLUX, dass Mitabeitergespräche, keine Bewertungsgespräche sein dürfen, in folge derer Mitarbeiter irgendeine Benachteiligung erleiden.
Als SYPROLUX sind wir stets zum Dialog bereit. Aber die praktische Ausführung muss klappen. Andernfalls wird der Sozialdialog zur Farce.
Wenn die heiß ersehnte Normalität auf einmal die Freiheit bedroht
Eins vorweg, Gewerkschafter sind keine Impfgegner. Und als SYPROLUX distanzieren wir uns ebenfalls von jeglicher Bewegung, die sich erwiesenen Fake News oder sonstigen Verschwörungstheorien bedient, um mediale Aufmerksamkeit auf sich zu ziehen. Als SYPROLUX sind wir aber dagegen, dass die politische Verantwortung in Bezug auf den Covid-Check den Betrieben und deren Personaldelegationen wie eine heiße Kartoffel weitergereicht wurde.
Als SYPROLUX fordern wir Schutz am Arbeitsplatz, und können daher nachvollziehen, dass bei Schulungen, Sitzungen oder anderen grösseren Versammlungsorten die CFL auf den Covid-Check zurückgreift. Aber auch hier hat man das Pferd wieder einmal von hinten gesattelt. Hier fordern wir als SYPROLUX eine klare Prozedur, die die Kompetenzen festlegt wer, was, wie und wann kontrollieren muss.
Das letzte Covid-Gesetz überläßt es an und für sich den Betrieben mit Covid-Check zu arbeiten oder nicht. Auch wiederum ein cleverer Schachzug um sich aus der politischen Verantwortung herauszustehlen. Als SYPROLUX fordern wir deshalb bei betrieblichen Veranstaltungen, mit Covid-Check, den Mitarbeiterinnen und Mitarbeitern einen Schnelltests bzw PCR-Test bereitzustellen und durch Mitarbeiter unseres Gesundheitszentrums zertifizieren zu lassen.