FC Eisebunn 97 Remise vu neien Uniformen

Den 3. Oktober 2018 huet d’CFL-Direktioun, representéiert duerch d’Madame Constance Thill an den Här Yves Baden, dem Claude Dresch, Trainer vum FC Eisebunn 97 zwou komplett nei Uniformen, an den Faarwe Rout an Wäiss (mat den CFL als Sponsor), iwwerreecht. Dëst war am Kader vum éischten Heemmätch vum FC Eisebunn 97 an der zweeter Divisioun vum Championnat FCL (Football Corporatif Luxembourgeois) um Stade Norbert Hübsch zu Sandweiler.

De President vum FC Eisebunn 97 Manuel Mullenbach huet als klenge Cadeau der Madame Thill an dem Här Baden och een personaliséierten Trikot vum FC Eisebunn 97 (mat Numm an Nummer no hirem perséinlechem Choix) iwwerreecht.

Och d’Vertrieder vum Landesverband a vum SYPROLUX haaten de Wee op Sandweiler fonnt genau wéi och eng Rei aaner Spectateuren déi eis reegelméisseg kucken an ënnerstëtze kommen.

De Match géint den FC Cargolux konnt den FC Eisebunn 97 duerch eng exzellent kämpferesch Leeschtung dann och nach mat 2:0 (duerch Goaler vum Sergio Bras an vum Pier Schmitz) fir sech entscheeden. Doduerch konnt den FC Eisebunn 97 sech nom zweeten Spilldag vum Championnat vun der zweeter Divisioun vum FCL déi éischt 3 Punkten an der Tabell secheren.

E grousse Merci vum ganzen FC Eisebunn 97 un d’CFL-Direktioun fir déi zwou schéin nei Uniformen an hoffentlech kennen mir nach vill Mätcher mat eisen neien Trikoten gewannen.

Claude DRESCH