SYPROLUX-FAMILLJEFEST

den 01. Mee 2018 zu Hesper um KIOPA

(Kiosk am Hesper Gemengepark)

De SYPROLUX organiséiert dëst Joer den 01. Mee säi Familljefest zu

Hesper am Gemengepark

Mir gingen eis freeën Dech mat denger Famill op dësem Dag vun 11:00 Auer un beim KIOPA begréissen ze kënnen, fir zesummen e flotten an ofwiesselungsreichen Dag ze erliewen.

Fir Iessen a Gedrénks souwéi Animatioun fir Grouss a Kleng as de ganzen Dag iwwer gesuergt. Déi Leit wou Zäit a Loscht hun op dësem Dag eng Hand mat unzepaken sollen um Generalsekretariat Bescheed soen.

(SYPROLUX-Generalsekretariat:

226786-1/Basa 1289; syprolux@pt.lu)

Mir freeën eis iwwer vill fräiwelleg Hänn, wëll nëmmen sou huet all Eenzelnen vun eis d’Geleegenheet dësen Dag mat der Famill, Frënn a Sympathisanten genéissen ze kennen.

d’Kannervakanzen- a Sozialwierk

de SYPROLUX-Komitee