ENG NEI UNIFORM FIR DEN FC EISEBUNN 97

Den FC Eisebunn 97 huet eng nei Uniform iwwerreecht kritt, gesponsert vum SYPROLUX. D’Iwwerreechung war e Mëttwoch 14.03.2018 zu Sandweiler um Terrain, virum Mätsch FC Eisebunn 97 – FC APEP. A Präsenz vun der SYPROLUX-Präsidentin Mylène Bianchy an dem FCPT-Präsident Paul Gries, huet den Trainer vum FC Eisebunn 97, Claude Dresch, déi néi Uniforme entgéint geholl.

De Präsident vum FC Eisebunn 97, Manuel Mullenbach, huet dem SYPROLUX villmools Merci gesot fir de Sponsoring vun de neien Uniformen.

De Manuel Mullenbach huet der Präsidentin Mylène Bianchy en Trikot vun der neier Uniform geschenkt, dee fir an hannen beschrëft ass. Dëst mam Virnumm vun der Präsidentin souwéi der Nummer 16, waat den Dag vun hirem Gebuertsdag ass.

Wann de Mätsch och mat 1-3 verluer gaangen ass, sou wäert déi néi Uniform derzou bäidroen dat eis Equipe nach vill Mätscher gewënnt.

Sekretär FC Eisebunn 97

Jos REMAKEL