Äddi Tun!

Du wors en Virbild fir Eis All!

Et war fir all Frënn a Bekannte vum TUN RASSEL keen einfachen Moment wei mir den 7. Dezember 2017 gewuer goufen dat hien eis fir Ëmmer verlooss huet. Mir traueren zesummen well mir en eenzegaartegen Mënsch verluer hunn, deen an allen Hisiichten e grousst Virbild an e Frënd fir eis wor. Net nëmmen seng Häerzlechkeet mee och seng Hëllefsbereetschaft, seng Jovialitéit a säin Wëssen sinn fir eis onvergiesslech. Duerch säin onermiddlechen Asaz an säin Kënnen huet hien esouwuel op der Eisebunn, an der Gewerkschaft, an der Mutualitéit wie och am gesellschaftlechen Liewen en bleiwenden Androck hannerlooss. Déi häerzlech an ergräifend Wieder vun senger Famill an der Mass hu bewisen, dass hien en virbildlechen Familljen Mënsch wor, wou seng vill ze fréi verstuerwen Fra Gaby esou wéi seng Kanner an Enkelkanner am Mëttelpunkt vun sengem Liewen stoungen. Matt senger Begeeschterung huet hien säin Entourage ëmmer erëm ugespornt fir dat Onméiglecht méiglech ze maachen.

Wei beléift dass hien wor huet all Mënsch op sengem Begriefnes gesinn, well déi Gaasperecher Kirch wor ze kleng fir all déi Leit opzehuelen déi him wollten fir ëmmer Äddi soen. Wéi huet en ëmmer aus voller Iwwerzeegung gesot: „Ech sinn en Gaasperecher Flantes”.

Wei ech gefrot gouf fir en Nekrolog iwwert den Tun ze schreiwen hunn ech keen Ament gezeckt fir Jo ze soen. Awer schonns kuerz drop ass mer bewosst ginn, datt et beim Tun sengem Liewenswierk nët géing einfach ginn fir dat op e puer Säiten Pabeier ze resüméieren.

Den Tun huet seng Iwwerzeegungen gelieft bei deenen Moral, Anstand an säin Glawen en heigen Stellewäert ageholl hunn.

Ech mengen hei huet säin Elterenhaus an d‘Erzéiung vun sengen Elteren esou wéi seng Famill eng wesentlech Roll ge- spillt.

Hei e kuerzen Iwwerbléck iwwer dem Rassel‘s Tun säin Liewenswee.

Gebuer gouf hien den 11.9.1936. Seng Primärschoul huet hien zu Gasperech absolvéiert fir dann 1956 am Athenée Grand-Ducal zu Lëtzebuerg mam „Diplôme de fin d’études secondaires – Section Latine“ ofzeschléissen.

Direkt gefollegt vum obligatoreschen Service militaire vum 3.08.1956 bis den 1.08.1957.

Ugefangen huet hien op der Eisebunn den 19.08.1957 als „surnuméraire“ an der Gare zu Bartreng.

Ganz schnell hunn se erkannt wat den Tun drop hat an hunn hien den 1.11.1958 an den „Service des Finances“ mutéiert.

1966 gouf hien zum Préposé vum „bureau des coûts et statistiques“ ernannt a blouf op deem Posten bis hien 1981 zum Préposé vum „Bureau de la comptabilité générale“ an de Grade vum „inspecteur divisionnaire“ avancéiert ass. Ab dem 1.06.1992 gouf den Tun iwwert eng „Libération du service pour activité syndicale“ fir seng Gewerkschaftsaarbecht fräi gestalt.

Defensiv a Pensioun op der Eisebunn gaangen ass den Tun den 1.05.1997.

Maache mer e klengen Réckbléck op dem Tun seng Aktivitéiten an der FCPT-SYPROLUX.

Während senger aktiver Zäit op der Eisebunn, dat heescht vun 1979 un wor den Rassel’s Tun als Vertrieder vum SYPROLUX als „Délégué du personnel vun den Services Centraux“, an der Commission Paritaire, dem Comité mixte, der Délégation Centrale an dem Conseil d’Administration vun den CFL.

  • E wor och Member vun der Chambre des Employés Privés ab 1989 an ab 2009 vun der 2008 nei konstituéierter „Chambre des Salariés“ bis 2013.
  • Sekretär vum SYPROLUX war hien vun 1983 bis 1991
  • A President vum SYPROLUX vun 1992 bis 1996
  • Generalsekretär vun der FCPT vun 1983 à 1994
  • A President vun der FCPT vun 1995 bis 1998

Den Tun wor och ganz aktiv an der lëtzebuerger Mutualitéit. Hei wor hien Generalsekretär vun der „Fédération Nationale de la Mutualité“ an och vum „Conseil Supérieur de la Mutualité“. Als Unerkennung fir seng Verdéngter gouf hien virun e pur Joer mam heegsten Uerden vun der Mutualitéit ausgezeechent.

Ech weess nët wei oft dat ech an deenen leschte Joeren vun gemeinsamen Frënn a Bekannten gefrot ginn sinn „A wei geet et dem Tun, dat ass emol e feinen Mënsch husch et da gläich drop. Huelt him e schéinen Bonjour mat“. Ech mengen dat seet Alles!

Tun Du hues mech op engem groussen Deel vu mengen gewerkschaftlechen a mutualistëschen Liewenswee begleet a stoungs mir an „eiser Équipe“ ëmmer mat Rod an Dot zur Säit. Ech soen Dir dofir villmools Merci a mir wäerten Dech nie vergiessen.

Mir drécken nach eng Kéier der Famill vum Verstuerwenen eist déift Matgefill an oprichtegt Bäileed aus. Dem Tun säin Liewenswierk ass fir eis all ee grousst Beispill an eng Beräicherung déi bei villen Leit fir Ëmmer an Erënnerung wäert bleiwen.

Camille BROCKER