Schnellinfo : BU CHEF ETAGE – AM DIALOG MAT DEN SYPROLUX VERTRIEDER FIR D’AUSSCHAFFEN VUN DEN NEIEN ROULEMENT

Massiv Onstëmmegkeeten beim Personal, Onzefriddenheet an Gefill vun permanenter Schikaneréi stoungen die lescht Méint op der Dagesuerdnung beim Bus Personal. Jeeglech Beschwéiren an Verbesserungsvirschléi schéngen bei den Verantwortlechen op daf Oueren gestouss ze sinn…..

Dofir woren mir ëmsou méi erstaunt vum Virschlag vun der BUS Verantwortlechen eis, Vertrieder vun den 2 Gewerkschaften, mat beim Ausschaffen vun den künftegen Roulement an beim Definéieren vun de Prioritéiten vun den Chaufferen ze bedeelegen.

Mir stoungen ufanks dëser Propos  skeptesch géigeniwwer, well mir op kee Fall wollten herno um Terrain beim Personal wollten als „Sündenbock“ an „Verräter“un de Pranger gestallt ginn. Et sollt op kee Fall sou sinn dat die Verantwortlech aus der BU Chefetage sech duerch eist mat Ausschaffen aus hirer Verantwortung sollten léisen.

Die nächst Iwwerraschung wor déi dat de SYPROLUX als eenzeg Gewerkschaft mat um Dësch sutz fir zesummen mam Planifikatiounsburo een strukturéierten, fairen an realisteschen Roulement auszeschaffen.

A Betruecht op déi grouss Envergure a Responsabilitéit vun dëser Aarbecht, huet Syprolux Presidentin, Mylene Bianchy, beim Här Neumann intervéinert an een 2. Syprolux Bus Vetrieder ugefrot fir sou kennen méi schnell an effektiv d’Planungsarbechten vun de neien Roulement kennen auszeféieren,. an eng 2. Meenung beim Ausschaffen ze hunn.

Dëst wor net iwwerall gudd ukomm an loung verschidden Delegéierten LV schwéier um Mo …an haaptsächlech deenen wou duerch Abwesenheit geglänzt hunn!!!!!

D’Herren Neumann an Santini an  huet eis drop opmierksam gemeet dat mir, verständlecherweis, keen Abléck an déi graphisch Déngschter kruten mat der Begrënnung dat mir eis net sollten unhand vun dësem Workshop kéinten Déngschter op Moss zesummestellen.

Si hun eis matgedeelt dat duerch die 131 Déngschter amplaz vun 108,, et elo méi einfach wär eisen Wënsch entgéintzekommen.

Mir hunn zesummen d ‘Roulement analyséiert an fir die Fuerderungen wou mir net erfëllt kruten hu mir eis eng plausibel Erklärung gi gelooss.

Eng vun eisen Haaptfuerderungen wor dat Roudeeg (Repos) an Congé supp. MISSTEN AN ALL ROULEMENT sou stoen gelooss ginn wie se bis dato niddergeschriwwen woren….Dëst gouf och bis op sou respektéiert an de Planifikatiounsbüro huet eis confirméiert dat sie fir déi kommend Feierdeeg d’Auerzäiten vun den Dingscht Pläng praktesch sou gelooss hunn wei se virgesinn woren, mat just puer Ausnamen,…!!!

“Den Trapensystem”vun den décapéierten Ufankszäiten am Roulement goufen nees agefouert. Verfügerdienste (Disponibel Schichten) sinn an KENGEM Roulement méi

Reservedienste ( Estacade) sinn just am Roulement 4 virgesinn.

De Wochen Schema vun de Feierdeeg an Sonndes sinn nees identesch.

Déi regulär Aarbechtsdauer vun 40h/Woch konnt net erfëllt ginn aus der Ursaach dat mir eng Woch mat 6 Schichten fueren eng aner mat 4 Schichten.

Fir den Ettelbrécker Roulement konnten mir bewierken dat d ‘Chaufferen EMMER kennen hiren Dingscht um Poste Isole Ettelbréck UFÄNKEN an och do OPHAALEN. Dësweideren hunn sie KENG RESERVE SCHICHTEN an hiren Roulement integréiert krut

Ofschléissend wëllen mir der Chefetage ee grousse Merci ausschwätzen dat sie op dëse Wee gaang sinn fir zesummen mat de Leit vum Terrain déi nei Roulement ze diskutéieren an hier Doléancen ze berücksichtegen.

Et war ee konstruktiven an erfollegräichen Workshop a mir hoffen dat et net bei dësem bleift an dat mir als SYPRLOLUX an Zukunft bei all neien Roulement Matsproocherecht hunn.

Och wann verschidden Gewerkschaftsvertrieder eng aner Usicht hunn, dem SYPROLUX SEIN CREDO nach ëmmer deen, dat een just am Dialog kann een zefriddestellend Resultat fir all Bedeelegt erreechen!

BU-Kommissioun

 

Download (PDF, Unknown)