Generalversammlung vun der Mobbing Asbl

Den 09. März 2017 huet Mobbing Asbl hir traditionell Generalversammlung an de Raimlechkeeten vun der SYPROLUX Zentral ofgehal.

Dëst wor déi 1. Generalversammlung an der neier Zesummesetzung séit der aussergewéinlecher Generalversammlung den 13. September 2016 an dem Austrëtt vun den LCGB Memberen aus dem Verwaltungsrot vun der Mobbing asbl, wou och dun die nei Statuten approuvéiert goufen. An der éischter Sitzung vum Verwaltungsrot no der ausseruerdentlecher Generalversammlung goufen dun Posten am Verwaltungrot nei besaat.

Duerch die nei Statuten huet sech ergin dat de SYPROLUX an der Persoun vum Gries Paul (Président FCPT) ee permanenten Vertrieder an der Mobbing asbl huet wat deenen 2 Associatiounen an Zukunft zu gudd kennt.

D‘Monique Breisch, Leederin a Beroderin huet kuerz den Aktivitéitsbericht an d‘Statistiken vum Joer 2016 virgestallt.

D’Team vun der Mobbing asbl besteht aus 1 Dirigeante, 1 Direktiounsektretärin, 2 professionnell Beroder(in) an e puer fräiwëllegen Beroder. Sie all huelen regelméisseg un Formatiounen iwwer net verbal Kommunikatioun, psychesch Krankheeten, Aarbechtsrecht, Psychologie deel. Et goufen och eng Réi aktiv Workshopen géint Gewalt zesummen mat der Police organiséiert.

Wei een dem Aktivitéitsrapport 2016 enthuelen konnt hunn eng 1540 telephonesch Kontakter stattfonnt 595 Ufroen fir eng Berodung goufen festgehal, 144 nei Dossieren goufen ugeluegt an 24 Dossieren wou 2015 opgemeet goufen sin 2016 clôturéiert gin

7 Selbstmordtentativen goufen notéiert an 44 mol hunn déi Mobbingopfer Selbstmordgedanken geäußert.

Mobbing ass psychesch Gewalt, dat wor d’Thema vun Referaten an de Schoulen zesummen mat der Police, op Konferenzen vun Gewerkschaften, Secherheetsdeeg vun CFL a Police an internen Formatiounen an de Betriber wou Chefen mam Thema Mobbing sensibiliséiert goufen. 20 Seancen Box therapeutique sinn ofgehaale ginn.

71% vun de Mobbingsopfer si weiblecher Natur an 29% männlecher.

Net ëmmer sinn et déi grouss Betriber wou déi meeschten Mobbingopfer hun, mä oft déi ënner 15 Leit wou keng Delegatioun vun Gewerkschaften um Terrain hun (obwuel nach ëmmer 29 Betriber mat mei wei 15 Leit hei zu Lëtzebuerg keng Delegatioun hun!)

Mobbing geet op 3 Ebenen: Uewen no ënnen oder ëmgedréint oder op gläichem hierachechem Niveau. Majoritaire an der Mobbingstatistik sin nach ëmmer Berufssektoren mat engem héijen Prozentsatz un auslänneschen Mataarbechter.

Durschnettlech befënnt eng Persoun sech 27 Meint an enger Mobbing Sitautioun éiert sie eng Berodung freet.

2016 huet de Gesondheetssektor mat 14% Statistik dominéiert, dohannen drun sin Banken an d’Assurancen mat op Platz 3 dem Handel.

Vill Mobbingfäll gëtt et an de Betrieber vum Sektor vum Gesondheetswiesen.

Statistiken sinn erschreckend, sie weisen dat a Lëtzebuerg bei 43.000 Aarbechter 9% sech aktuell an enger Mobbingsituatioun befannen. 55% dovun sin krankgemellt wat en Joeresdurchschnëtt vun 10,18 Wochen bedeit.

150.289.979 Euro ass de geschätzten wiertschaftleche Schued deen 2016 durch Mobbing entstan ass! (Do si Therapiekäschten, medezinesch Konsultatiounen an Medikamenter an Klinikkäschten) net agerechent.

Tendenz ass steigend, vun Januar bis Mäerz 2017 goufen schonns 15 nei Dossier ugeluegt.

Cotisatioun fir aktiv Memberen gouf op 10 Euro festgeluegt.

Déi finanziell Ënnerstëtzung vum Staat, d’Ufro vun der Mme Oktavie Modert fir aktiv am Verwaltungsrot vun der Mobbing Asbl matzeschaffen an sech anzesetzen fir eng Stäerkung vun de Rechter vun de Mobbingopfer an d‘Opstellen vun konkreten Aktiounspläng sinn Faktoren déi weisen dat Mobbing asbl ee fest Standbeen an der Gesellschaft hei zu Lëtzebuerg huet.

Ofschléissend huet den Manuel Mullenbach als neien President Merci gesot fir dat Vertrauen wat seng Komiteesmemberen an och den SYPROLUX him entgéint bruecht hunn mat der Designatioun zum Presidenten. Hien ass séit bal 18 Joer Deel vun der Mobbing Asbl an hien ass iwwerzeegt mat der neier Equipe all zesummen als Team, och an Zukunft eng gudd an wäertvoll Aarbecht ze leeschten.

Tania PESCH

MOBBING asbl

64, avenue de la Liberté    L-1930 LUXEMBOURG

Tél: +352 28 37 12 12    Fax: +352 28 37 12 13    GSM: +352 621 37 12 12

E-mail: mobbingasbl@mobbingasbl.lu

Homepage: www.mobbingasbl.lu