Generalversammlung Mobbing asbl

Den 11. Februar 2015 hat d’Mobbing asbl hier Memberen a Vertrieder op d’Generalversammlung an de Sëtz vum LCGB op der Stater-Gare invitéiert.

D’Mobbing asbl ass eng lëtzebuergesch Vereenegung géint Mobbing a Stress op der Aarbechtsplaz a gouf am Joer 2001 vum LCGB an dem SYPROLUX gegrënnt an ënnerhält een Netzwierk vu sozialen Organisatiounen.

Säit 2003 besteet eng Konventioun mam Aarbechtsministère.

D’Mobbing asbl ass politesch neutral a riicht sech un Affer, Täter a Patronen.

An der Mobbing asbl si Vertrieder aus der Aarbechtsmedezin, der Gewerbeaufsicht, dem Aarbechtsamt, dem Ministère, de Gewerkschaften a verschidde sozial a medezinesch Organisatioune, sowéi Vertrieder aus juristesche Kanzleien.

De Verwaltungsrot presentéiert sech aktuell folgendermoossen:

  • President: Marcel Goerend
  • Beigeuerdnete President: Manuel Mullenbach (SYPROLUX)
  • Secrétaire:Lex Breisch
  • Caissier: Viviane Weis (SYPROLUX) an Alain Liltz
  • Memberen:

Georges Bach (Europadeputéierten), Dr. Carlo Steffes (Gesondheetsministère verantwortlech fir d’Gesondheet op der Aarbechtsplaz), Jean-Marie Bauler (Affekot), Monique Breisch (Leederin vun der Berodungsstell), Steve Legile (Psycholog), Marc Hübsch, Raymond Streweler, Christian Knebeler

D’Team vun der Berodungstell gëtt vun engem professionelle Beroder a 6 fräiwëllegen ënnerstëtzt. De Manuel Mullenbach vum SYPROLUX ass säit 15 Joer fräiwëllege Beroder bei der Mobbing asbl.

Op der Dagesuerdnung stoung ee gutt gefëllten Aktivitéitsprogramm vum Joer 2014.

D’Monique Breisch huet ausféierlech iwwert d’Aufgaben a d’Leeschtungen vun der Mobbing asbl an hire Beschäftegten a Benevole bericht.

D’Memberen a d’Beroder vun der Mobbing asbl huele regelméisseg u nationalen an internationale Schulungen deel; si organiséiere Formatioune fir Personalvertrieder; ginn an d’ Betriber a informéieren d’Leit op der Plaz iwwert d’Mierkmoler a d’Prozeduren am Fall vu Mobbing-Situatiounen. Sie organiséieren och ëffentlech Konferenzen zum Thema Mobbing.

Regelméisseg fannen och Entrevuë mat politesche Responsable statt fir esou op d’Problematik opmierksam ze maachen.

Am Joer 2014 goufen 355 Berodunge gemeet; dovu goufen 139 Dossier zréckbehalen; 37 konnten ofgeschloss ginn an un déi zoustänneg Instanze weidergeleet ginn (ITM,Gericht); 7 Fäll konnte geléist ginn an d’Affer konnten op hirer Aarbechtsplaz a Rou weiderschaffen.

Betraff sinn haaptsächlech Fraen am Alter vun 30-50 Joer an iwwer 60 Joer, Persoune vun all Nationalitéit an all Arbechtsniveau vum Aarbechter bis zum Direkter.

91% vun de Mobbingfäll sin am Privatsecteur ze fannen an 9% am ëffentlechen Déngscht.

Vu de 430.000 Beschäftegter hei am Land gi 9% (= 38.700 Persounen) gemobbt. Duerchschnëttlech sinn déi betraffe Leit 7,4 Woche pro Joer krankgemellt dëst duerch Mobbingsymptomer. 52% vun den Opfer ginn all Dag attackéiert; 10% 1 mol pro Woch. Dauer vun de Mobbingfäll variéiert zwëschen 1-6 Méint a ka bis 48 Méint daueren. Et gi Fraen a Männer gläichermoosse gemobbt. An de Beräicher Horeca, Industrie, Botzpersonal ass de Prozentsaz vun de Mobbingafferr am héchsten.

Wéini schwätzt ee vu Mobbing?

Bei Mobbing handelt et sech em eng konfliktbelaschtend Kommunikatioun op der Aarbechtsplaz ënner Kollegen, Virgesetzten oder anerer Leit am Arbechtsemfeld. D’Affer gëtt regelméisseg a während längerer Zäit direkt oder indirekt ugegraff. Ziel vun den Täter ass et hiert Affer ze diskriminéieren an aus dem Aarbechtsliewen auszeschléissen.

Mobbing asbl mécht just Berodung. Bei Kontakt iwwer Telefon gëtt ee perséinleche Rdv fir ee Gespréich festgeluecht, wou da Mobbingsituatioun analyséiert gëtt.

Vun all Mobbingsituatioun gëtt versicht ee “Rapport Chronologien” opzestellen (wou festgehal gëtt wat dem Client widderfuer ass an duerch wien). Et gëtt ee Questionnaire mat de 45 heefegste Mobbinghandlungen. Do gëtt Zäit- a Widerhuelungsdauer vun de Mobbingsituatioune festgehal, déi kierperlech a mental Verfassung vum Client gëtt analyséiert an hie kritt medezinesch Hëllef proposéiert. De Client decidéiert selwer op säin Dossier juristesch Folgen huet a wéi eng Schrëtt déi Beschäftegt vun der Mobbing ASBL maache sollen (Psychologesch Betreiung, Gespréich mam Patron, Gewerkschaftsvertrieder am Betrib, Jurist).

Et probéiert een ëmmer ee Wee ze fannen, dat de Client a sengem Aarbechtsfeld ka bleiwen an dat ët nët zur Opléisung vu sengem Aarbechtskontrakt kennt.

Statistik 2014:

  • Telefonskontakter: 1980
  • Berodungsgespréicher: 355
  • Nei Dossieren: 139
  • Ofgeschlossen Dossieren: 37
  • Dossieren ouni Suivi: 0
  • Juristesch Bréifwiessel un de Betrib: 42
  • Entrevue mam Patron am Betrib: 48
  • Geléiste Fäll: 7
  • Dossier viru Gericht: 2
  • Expertisen: 6
  • Selbstmordgedanken: 42
  • Selbstmordversich: 9
  • Selbstmord: 1

Symptomer a Reaktioune bei Mobbing

Panik, Depressiounen, Erschöpfung, Selbstmordgedanken. Doriwwer raus ass och dat familiärt Ëmfeld duerch di dauerhaft Mobbingattake vum Affer grousse Belaaschtungen an Erausfuerderungen ausgesat.

D’Affer fillt sech onsécher, mécht Fehler op der Aarbecht, gëtt isoléiert, ass iwwer länger Zäit krankgemellt wat mat sech bréngt dat d’Affer isoléiert gëtt, aner Aufgaben zougedeelt kritt wou net senger Qualifikatioun entspriechen. Et gëtt negativ Propaganda géint d’Affer a säi privat Ëmfeld gemeet, et gëtt verbal agresséiert, d’Affer erleid Gewalthandlungen oder Drohungen.

An de meeschte Fäll adresséiert sech d’Affer un seng Famill, seng Kollegen, seng Virgesetzten oder d’Gewerkschaftsvertrieder am Betrib.

Uschléissend gouf de finanzielle Bericht an de Bilan virgedro. Dës goufen mat enger excellenter Zensur säitens der Iwwerwaachungskommissioun approuvéiert.

Cotisatioun gouf onverännert bei 30 Euro pro Member gelooss.

D’Monique Breisch huet déi gutt Neiegkeet verkënnegt dat d’Mobbing asbl no laange Forderunge hire Budget fir Joer 2016 gehuewe kritt huet. (160.000 Euro Subsiden)

De 05. Juni 2015 feiert Mobbing asbl 15 Joer an dat mat enger “Séance académique” zu Nidderanven wou all Membere a Sympathisanten ageluede sinn.

Monique Breisch ënnerstëtzt d’Mobbing Affer säit 17 Joer. Si ass der Meenung dat Gesetz de Mobbing-Affernet genuch Schutz bidd. Ze staark ass d’Angscht virum Patron, virun der Entloossung. Si fuerdert dat de Gesetzesvirschlag vun 2002 nees iwwerschafft gëtt an der Realitéit vun haut ugepasst gëtt. Sie all kämpfen dofir dat et endlech ee Gesetz géint Mobbing gëtt, fir sou d’Affer ze schützen an d’Täter zur Rechenschaft ze zeien!

Ofschléissend huet d’Monique Breisch den Opruff gemeet fir de Kontakt an de Betriber mat de Gewerkschaftsvertrieder besser ze fleegen an ze verstäerken, fir sou direkt a besser iwwert d’Situatioun um Terrain informéiert ze sinn.

1/3 vun de Betriber hu keng Personaldelegatioun obwuel se laut Gesetz eng misst hunn! 5% vun de Beschäftegte wëssen net dat si an hirem Betrib eng Delegatioun hunn bzw hunn nach ni ëppes vun enger Delegatioun héieren!

Tania Pesch