Rapport de la réunion auprès du Chef de Service AV, le 06 mars 2024


Points mis à l’ordre du Jour par le Chef de Service AV:

Temps partiel:

Bei den Agenten déi Temps partiel schaffen, hätte leider nëmmen 39 Agenten ee Rendez-Vous mam Chef de Service an Chef de Division an Usproch geholl. Wann een de Leit um Terrain nolauschtert, wieren si der Meenung, si géife kontaktéiert ginn fir e Rendez-Vous kréien. Vun den 39 Leit wiere bei 38 ee provisoreschen Accord fonnt ginn. D’Propose vum SYPROLUX wor, datt fir déi Leit, déi haut schonn Deelzäit schaffen, et beim aktuelle Stand bleift. Fir dem Chef de Service awer entgéint ze kommen, gouf proposéiert, datt den Agent 1 Joer am viraus de Plang misst era ginn. Sou sinn d’Agenten net méi am Kuerzzäitplanning dran. Speziell Fäll misst een dann eenzel ënnert Lupp huelen an dann de Leit entgéint kommen. D’Vertrieder vum OGB-L woren op Nofro vum SYPROLUX der Iddi positiv géintiwwer agestallt bzw ganz dofir.

Les délégués du personnel revendiquent la modernisation de l’ensemble des salles de séjour (équipement en nouvelles chaises et tables).

En Aarbechtsgrupp wier geschaaft ginn. D’Pläng géife virgesinn, datt d’Maueren an der Fëschhal geréckelt ginn. No den Ëmbaute géifen dann och d’Still an d’Dëscher erneiert ginn. Nodeems Moderniséierunge fir de PAT op der d’Stater Gare gemaach goufen, kommen dann och déi aner Gare d’attach drun. De Chef de Division PAT géif eis awer do nach e Plang gi wéini wéi eng Gare dru kënnt. D’Ëmbaute géifen an den nächste Wochen ufänken.

Les délégués du personnel revendiquent la réintroduction de l’uniforme de 1re mise, ainsi que la possibilité d’acheter des chaussures de service, ainsi qu’un uniforme sans le système des points.

Laut dem Chef de Service wéilten se dem Agent keng Saachen dohinner stellen, déi en net wéilt, oder bräicht. Si géifen de de Punktewert awer nach eng Kéier nokucken a gegeebenenfalls upassen. De SYPROLUX wär awer dofir, datt mer z. B. d’Sécherheetsschung, déi jo en EPI sinn, 2x t’Joer ouni Punkten zur Verfügung gestallt kréien. Dogéint hat de Chef de Service näischt anzewenden. Op d’Propose datt mer 15 bis 20 Punkten op Joer dono mat eriwwer kéinten huelen, wat engem erlaabt ee Joer méi eng deck Bestellung kennen ze maachen, krute mer gesot datt dëst géif nogekuckt an analyséiert ginn.

Les délégués du personnel demandent de réintroduire des roulements « jours fériés », pour que l’agent sache d’avance quel jour férié il est de service.

Op nofroen hin op mer rëm kéinten ee Roulement kréie, wou «JF» direkt agedroe wieren, hat de Chef de Service de Mike Schweitzer an d’Sitzung agelueden. Bis 2017/2018 wor dat tatsächlech nach sou gemaach ginn. Fir awer net dem PAT mussen e Feierdag dohinner ze setzen, deen hie vläit net well/brauch, wier dat ofgeschaaft ginn. PAT, déi en «JF» wëlle kréie, mussen sech deen als «Urlaub» 2 Méint am viraus ufroe mat dem Vermierk « JF.» Divers Iddien vum SYPROLUX sinn beschwat an analyséiert ginn. Fir de Moment si mer esou verbliwwen, datt de Roulementsbüro relativ séier an zäitno den «JF» eraus gëtt. D’Virschléi op een de «JF» méi laang ewéi 2 Méint kéint am viraus froen, bzw op engem anere Wee, krute mer gesot, datt dëst leider net méiglech wier mam Rail-Opt.

Les délégués du personnel déplorent le fait que la «Kurzwende» soit encore effectuée en gare de Trèves et ceci malgré qu’il ait été annoncé en septembre 2023 qu’elle sera abrogée

Wéinst dem Mangel u Personal géifen se entgéint den Aussoen aus der Sitzung vum September 2023 nach weider Kurzwende maachen. Esou kéint een alt 3 Leit den Dag aspueren. Soubal Klasse fäerdeg sinn an ee Liicht um Enn vum Tunnel gesäit, géif d’Kurzwende awer erëm verschwannen. De Chef de Service huet garantéiert, datt keng Kurzwende am Roulement virgesi wier. PAT zu Waasserbëlleg oder Kreuz-Konz eraus ze loosse wier dann och domadder Geschicht.

En vue d’optimiser le service au client, les délégués du personnel demandent de mieux indiquer l’emplacement de la 1re classe sur les automotrices 2201, 2203 et 2204.

Bei den 3 Motricen, déi nei gemaach goufe, wier d’1. Klass nach ëmmer net richteg z’erkennen. All wären Diskussioune mat Client’en. Fir dem PAT an dem Client et méi einfach ze maachen, sollen nei Sticker, déi méi grouss a méi opfalen ubruecht ginn. Esou kann een dem Client weisen, op en eventuell op der falscher Plaz setzt. D’Iddi ass positiv opgeholl gi vum Chef de Service a vum Chef de Division. Sie waren och op d’Plaz nokucken a wieren zur selwechter Conclusioun komm, datt et net kloer vun Ufank un erkennbar wier. D’Iddi koum och op, Dostos Rammen an de Kiss méi opfälleg ze kennzeechnen.

Les délégués du personnel demandent une formation sur les nouvelles motrices «Coradia» pour les délégués du personnel, afin que ceux-ci soient en mesure de donner des explications aux agent PAT en cas de besoin et dans le cas où le coach ne serait pas joignable. Les délégués du personnel aimeraient également savoir quand les nouvelles motrices seront livrées ?

Des Iddi gouf och positiv vun de Chef’en opgeholl. Mir wëlle just ënnersträichen, datt de Personalvertrieder net dem Coach seng Aarbecht well ewech huelen oder sech virdrécken. Et geet just dorëms wärend den Auerzäite wou nach kee Coach do ass, d’Wëssen ze hunn, dem PAT dee Moment kennen zur Säit ze stoen. Zu de Motricen koum d’Informatioun, datt 2409 am Atelier steet, datt awer nach ëmmer op d’Autorisatioun gewaart gëtt. Fir déi ze kréie misst d’Motrice 1000 km ouni Client als Testfaarten duerchlafen an dat mat diverse Feeler, wou agebaut a Pannen simuléiert ginn. Coache wiere bei deene Faarten dobäi fir d’Funktioun vum PAT ze testen op do alles riicht leeft. Nodeems déi 1000 km ofgefuer sinn, géifen dann 3000 km mat Clienten Testfaarte gemaach ginn. Di éischt Ligne, wou se agesat gëtt, wier d’Ligne 10. Mëtt bis Ënn Abrëll géif mat den 1000 km Testfaart ugefaange ginn.

Les délégués du personnel demandent que des distributeurs de café soit installés aux gares d’attache.

Et ginn Demandë fir d’Garen: Kautebaach, Ettelbréck, Waasserbëlleg a Péiteng solle mat engem Kaffisautomat equipéiert ginn. De Service AV wier awer do mam Fournisseur um streide well laut dem Kontrakt mat him muss eng gewëssen Unzuel vu Kaffien den Dag erziilt ginn. Gespréicher wieren awer nach eng Kéier lancéiert ginn, fir eng positiv Léisung ze fannen.

Les délégués du personnel désirent être informés sur les plans d’aménagement de la nouvelle gare d’Ettelbrück. À quels endroits les PAT auront accès ?

D’Gare selwer soll bis 2030 fäerdeg sinn. Dann géifen mir als PAT EB mat an d’Gare eran plënneren. Zesummen mam EI an der Police. Raimlechkeete bestinn aus, Vestiaire (Dammen an Hären) an eng Salle de Séjour mat Kichen.

À Rodange sera construit un nouvel atelier et il ne serait plus prévu que le PAT prenne son service à Pétange. Les délégués du personnel désirent être informés sur ce projet

Zu Rodange ginn an nächster Zäit en Atelier an Ofstellgleiser gebaut. Déi éischt Pläng hätte virgesinn, datt de PAT mat do hinner plënnere géif. Well CFL awer net all Terrain kritt huet ewéi se geplangt hate, géif de PAT elo net mat do era plënneren. Fir datt de PAT mam CEM an dem Material zesumme kann ufänke, gëtt gekuckt wou d’Leit an die néideg Infrastrukture sollen hikommen. Hei ginn och Vestiairen an eng Salle de Séjour gebraucht. De Parking wier och fir de PAT gratis wann en sech méi ewéi 1,5km vum Parkhaus Rodange wech beweegt.

Les délégués du personnel revendiquent que la BLZ cesse de placer les pauses en début ou à la fin d’une séance de travail.

Folgend Informatiounen hu mer zu deem Punkt kritt: 5% vun den Tier waren esou opgebaut ginn, datt se just 2x15 Minutte Paus haten. Bei 54 vun 3919 Tier am Mount war d’ Paus am Ufank oder zum Schluss vun der Tour. 18 Tier vum Büro Roulement verbaut, 36 Tier goufe kuerzzäiteg vun der BLZ ëmgebaut. Eist Uleies war, un de gesonde Menschenverstand ze appelléieren, datt een en Agent, deen em 3.20 Auer ugefaangen huet, net soll seng Paus eréischt um 10 Auer kritt. Bal 7 Stonnen ouni Paus wier em déi Auerzäit net mënschlech. Fäll géifen nach eng Kéier analyséiert ginn a gegeebenenfalls un de Büro appelléiert ginn dodrobber opzepassen. D’Fuerderung vum SYPROLUX, eng Paus tëschent der 2ter an der 6ter Stonn ze hunn, ewéi de cem,ass vum Chef de Service AV belächelt ginn. Dat Thema géif méi oft opkommen a wier och ëmzesetzen. Ouni ee Projet mat den Tier gesinn ze kréien, géif do keng Entscheedung vun der Personalvertrieder geholl ginn. Mer wëllen all méiglech Verschlechterung an deem Dossier vermeiden.

Les délégués du personnel désirent être informés sur l’état d’avancement du projet du poste d’accueil PAT.

Den 01. 07. 2024 geet de Posten offiziell op. Am Moment ass just virgesinn, datt ee Pat vun Ufank un dobäi ass. Wéinst dem Mangel u Personal géifen se och net mei wëllen. Ufank 2025 géifen se dann 3 PAT am ganzen op dee Poste setzen.

Les délégués du personnel estiment que le logiciel « Question-mark » devrait être utilisé pour les besoins pour lesquels il a été élaboré. Il ne devrait pas être déclaré comme formation continue.

2011 wier de Question-mark als Hëllef geschaf ginn. Den Agent kéint sech do jidderzäit testen op en seng Matière nach gutt beherrscht. An de Joren dono wier deen ëmmer méi wichteg ginn sou datt e fir de PAT obligatoresch ginn ass. D’Note iwwert di 5 Tester innerhalb vun 3 Méint an dem Dreeë vun engem OG10 wier schlecht a falsch formuléiert ginn. Mir haten d’Uleies, datt de Question-mark rëm géif erof geschrauft ginn op 1 de Mount. De Chef de Service huet dat awer ofgewisen a bleift gären op dem System dee lo agefouert gouf.

Fir de SYPROLUX

Fabrice Bichler

Magali Heinz