Rapport de la réunion auprès du Chef de Service MI, le 07 mars 2024


Approbation du procès-verbal de la réunion du 14 décembre 2023.

Delegéiert vum SYPROLUX hu gefrot, datt dem Chef de Service MI seng Mail vum 22. 01. 2024 dem Rapport bäigefügt gëtt. Delegéierten hunn nach eemol rappeléiert datt Faite vu verschiddenen Agente rapportéiert gi sinn. Eiser Meenung no ass do eppes net korrekt gelaf. De Chef de Service MI huet gefrot fir weider Detailer (bzw Nimm) vun de concernéierten Agenten ze kréien. Mir huelen nach eemol Kontakt op mat de Betraffenen.

échange d’informations

• De Chef de Service GI huet den Delegéierte matgedeelt, datt ab dem 01. 03. 2024 d’Madam Zenner als Coordinatrice beim Christophe Heck en neie Job ugaangen ass. D’Isabelle Molina wäert Chef vun der Cellule GI/RH ginn an an Zukunft mat enger 2. Persoun senger Wiel un de Sitzungen beim Chef de Service deelhuelen.

• Am Numm vun allen Delegéierten huet den Ed Mallinger dem Edith fir déi gutt Zesummenaarbecht Merci gesot an em all Guddes fir Zukunft gewënscht.

• An Zukunft wäert dann den MI-RHT direkt mam RH kommunizéieren. Et ass ze wënschen datt den direkte Kontakt an Zukunft eng Verbesserung mat sech bréngt. Genee wéi Delegéierten huet och den Chef de Service MI des nei Organisatioun entdeckt. Dëst deit net wierklech ob eng Verbesserung hin.

1.1.- état d’avancement du bâtiment dans la rue de la déportation

Les délégués du personnel demandent l’avancement du bâtiment dans la rue de la déportation. D’après les informations des délégués les plans qui ont été montrés lors d’une réunion ne seraient plus à jour. Des bureaux « open space » seraient prévus sur les nouveau plans. Les agents concernés ont signalé aux délégués, qu’il serait très difficile, voir impossible de travailler dans de tels locaux. Donc, les délégués du personnel demandent des plans actualisés du bâtiment MI dans la rue de la déportation.

Dëse Projet ass am Stadium vum APD, wou méi detailléiert Pläng am gaange sinn ausgeschafft ze ginn. Den neie Büro d’Etude, deen den APD mécht, dréit do natierlech dem Spacemanagement vum RH Rechnung. Et ass rappeléiert ginn datt et sech hei net ëm en administratiivt Gebai handelt an datt do och net di Critèren 1 zu 1 kennen ugewant ginn. Aktuell ass nach ëmmer Ënn 2027 virgesinn, datt dëst Gebai soll stoen. Et gett e Parkhaus gebaut, eng Déifgarage ass net virgesinn.

1.2.- Astreinte

Les circonscriptions S34 Belval et S35 Pétange demandent de changer leurs intervalles d’astreinte de vendredi au vendredi.

Nodeems d’Hierarchie gesot huet se géingen do gären ob déi nei IG 15 waarden an d’Delegéierten hier Doleancen erkläert hu, gouf festgehalen datt no enger Analyse vum MI-RHT an MI, falls keng negativ Konsequenzen opdauchen déi 3 Circonscriptiounen direkt kenne wiesselen an dann awer fir den November (wann déi nei Astreinte-Leschten erauskommen) de Wiessel vun der Astreinte am ganzen MI soll harmoniséiert ob Freides geluecht ginn.

1.3.- Primes selon I.G.10

Les délégués demandent l’avancement des primes « I.G.10 » qui ont été accordées lors de la dernière réunion du 14/12/23.

Delegéierten hunn e Resumé kritt wéi et aktuell an der IG 10 gereegelt ass. Et gouf festgehalen, datt géing proposéiert ginn dem Agent auxiliaire S 5 Punkten bäi ze ginn.

Et ass proposéiert ginn déi 12 a 24 monatlech Weichenrevisiounen, de Graissage vun de Weichen a d’Ëmstellen ob den Interflon Produit, dem Punkt A Circulaire numéro 1 vun der IG 10 ze assimiléieren.

All Aarbechten an der Héischt (wou en harnais ugedoe muss ginn) solle mam Punkt D assimiléiert ginn vun dëser Circulaire. Den Text am Fiori fir des Prime muss ugepasst gi, well do d’Héichtenindikatioun muss gestrach ginn. Des gellt nämlech nëmme fir Nacellen an net fir all déianer Aarbechten.

1.4. - « Téléscoplader Kramer KT276 »

Les équipes S21, B21, Service Bât situées sur le site de la rue d’Alsace demandent d’acheter un « Téléscoplader Kramer KT276 ». Plusieurs demandes auprès du Chef de Service sont restées sans suite.

Hei handelt et sech em en Invest vu ronn 116.000€, deen net um Budget 2024 virgesinn ass, an dohier och 2024 net kann ugeschaaft ginn.

Den MI analyséiert d’Pertinenz vun dëser Demande. Wann des sech bestätegt, soll dësen Invest fir 2025 virgesi ginn. Bei der Analyse gëtt och gekuckt wéivill dësen Engin benotzt gëtt an ob de Leasing am Plaz vum Kaf eventuell eng Optioun wär fir geziilten Interventiounen of ze decken.

1.5.- Parking rue d’Alsace

Les services situés sur le site de la rue d’Alsace demandent de réaménager le parking du site pour cause des multiples presqu’accidents.

Et wäert sécher kee komplette Reamenagement stattfannen, well dëse Parking ewéi och d’Gebaier nëmme nach kuerz benotzt ginn. Mat der Firma Balter zesumme gëtt awer gekuckt eng Verbesserung vun der Situatioun hierzestellen.

1.6.- Note examens

La note pour la session d’examens en avril n’était pas claire pour certains postes MI, les programmes d’examens n’étaient pas à jour. Des négociations pour les avancements des différents grades/postes ont été faites beaucoup trop tard, donc les agents concernés ont eu certaines informations très tard. Les programmes de certains examens de promotion ont apparu 2 mois avant la session d’examen, ceci rend difficile aux agents de se préparer comme il faut. Les délégués demandent une amélioration pour les futures sessions.

De Chef de Service MI freet dat bei senge Leit no, virun allem wéisou de Fin de Stage fir Abrëll am BGT-BAT nach ëmmer net eraus ass. Hien muss och mat senge Leit kucken datt dëst an Zukunft besser klappt.

1.7.- Commandes non reçues

Selon les informations des délégués, certains agents ne reçoivent pas de sac à dos orange lorsqu’ils en font la demande. Les délégués demandent de vérifier et de clarifier cette situation.

Hei gëtt et Problemer beim Approvisionnement. Dohier gouf decidéiert nëmmen deenen Agente esou e Rucksak ze ginn, wou deen zur Ausféierung vun hirer Tâche néideg ass (SIPO). Sou bal den Approvisionnement sécher gestallt ass, sprécht näicht dogéint och di aaner Agenten auszerëschten.

1.8.- C-Flex

Lors de la récente tournée dans les différentes équipes du Service MI, un certain mécontentement a été exprimé quant au système C-FLEX. Il semble qu’effectivement, il y ait encore des dysfonctionnements ainsi que des contraintes entravant la bonne et simple exécution des tâches des équipes.

• Les délégués du personnel désirent savoir si la hiérarchie a connaissance de ces problèmes?

• Quelles sont les mesures prises pour parer à ces problèmes?

• Quelle est la procédure à suivre afin de rapporter les dysfonctionnements rencontrés?

Dem MI an dem GI si keng Problemer ewéi Delegéierten se geschildert hu bekannt. Ursaach fir de C-Flex am MI anzeféiere war net de FLEX ze sanéieren an ze hëllefe schwaarz Zuelen ze schreiwen, mee well den MI gäre géing wësse wien Auslaaschtung vun de Gefierer ass. Mir hunn hinne probéiert kloer ze maachen datt et 2 Kategorien Autoe gëtt, an zwar déi, déi vun der Ekipp benotzt ginn an déi vun de Chefs. D’Ekippen Autoe sollen erëm normal kënnen benotzt ginn ouni datt e muss iwwert de Flex reservéieren. Erstaunlech ass datt den Armand Thies bis elo nach keng Doleancë vun den Ekippe sollt kritt huet. Dohier eisen Appell, bei Problemer mam C-Flex maacht e Mail un den Armand a setzt är Delegéierten a Kopie, sou datt den Drock kann oprecht erhale ginn.

1.9.- Voitures électriques

Les délégués du personnel demandent de prendre connaissance de la procédure d’utilisation des voitures électriques pour assurer un service d’astreinte.

De Responsablen vum Développement durable huet den Optrag vum Direkter Werdel kritt, des Strategie auszeschaffen. Den Chef de Service GI ëmfreet sech iwwert de Stand vun dëser Strategie. Beim Elektroauto fir d’Astreinte ass gesot ginn, dat dëse jo kann iwwert den Dag geluede ginn an esou an der Nuecht prett ass. Mer hunn nach eemol erkläert, datt oft des Autoen och am Dag benotzt gi vun der Ekipp an dëse Plang net opgeet. GI an MI waren der Meenung datt bis elo keen Elektroauto fir d’Astreinte misst benotzt ginn.

1.10.- Heures de congé

Il s’est avéré que les heures de congé 2023 ont été reportées sur le compte CBRA au lieu du CET. Les délégués du personnel revendiquent que cette situation soit rectifiée sans tarder et sans autre intervention de la part des syndicats.

De Problem ass net datt des Stonnen net ob den CET komme well den CBRA och en CET Compteur ass. Mee et ass net nozevollzéie wéivill Congé Bien-être den eenzelnen Agent geholl huet, well dësen CBRA Compteur jo ëmmer nëmmen uwiisst an ni eidel gëtt. (All Joer kommen 8 h dobäi an am Moment jo och nach de Congé reporté). Deemno muss entweder e weidere Compteur fir de Bien être am Fiori gemaach ginn, deen dann um Ënn vum Joer ob en aneren Compteur transferéiert gëtt, oder et muss e spezielle Code am Fiori gemaach gi, wou den Agent kann seng Bien être-Stonnen huelen. Do muss de Chef de Service MI entscheede wat besser a méi einfach ass.

1.11.- Séances nuits

Les délégués du personnel sollicitent de prendre connaissance de la prochaine distribution de l’état des lieux sur les séances de nuit des agents concernés.

Dëse Relevé wäert an den nächste Méint un d’Agente geschéckt ginn. Déi leschte Kéier war dëst 2019 de Fall an do virdrun 2013 an 2009 fir d’éischt.

1.12.- District T

Les délégués du personnel désirent être informés sur le projet de réorganisation du District T.

De Projet ass fäerdeg a muss elo dem Direkter Werdel virgestallt ginn. Nom Accord oder eventuellen Upassunge gëtt de Projet den Delegéierten an der DC presentéiert. D’Délégation Centralle muss zum Projet en Avis ofginn.

1.13.- CLIF

Lors de la réunion du 11/10/2023, point 1.3 remplacement sur postes, il a été annoncé qu’un projet de réorganisation du CLIF est en voie d’élaboration. Les délégués du personnel demandent à être renseignés sur l’avancement de ce projet. De plus, les délégués du personnel aimeraient savoir pour quand une présentation dudit projet aux délégués du personnel et à la Délégation Centrale est prévue.

Dëse Projet ass den 29. Februar 2024 un den RH geschéckt ginn. Mir hunn den Organigramm vum Chef de Service MI kritt. Dëse gëtt an den nächste Wochen analyséiert a mir wäerten dann eis Remarke maachen.

Fir de SYPROLUX

Ed Mallinger,

Nelson Costa

Fränz Duhr