Bréifkëscht vun der Entraide Médicale CFL.


Zanter enger Zäit gëtt et keng Bréifkëscht méi vun der Entraide Médicale op der Gare beim Direktiounsgebai. Dat krut ech op Nofro hinn, bei der Entraide bestätegt. Wien also seng Rechnungen, wéinst engem héije Montant net an eng normal Bréifkëscht wëll geheien, muss op Bouneweg goen, wann en nach kann.

Wou ass dann déi Bréifkëscht déi an der Direktioun stoung? Ass déi och zu Bouneweg, ech weess et net. Wat awer sécher ass, dat ass, dat Gare Lëtzebuerg mat Zuch, Bus an Tram den Zentrum vum Ëffentlechen Transport ass, deen d’Leit jo solle profitéieren. An déi Gare leit net zou Bouneweg beim Gebai vun der Entraide. Duerfir gehéiert eng Bréifkëscht vun der Entraide an d’Gare Lëtzebuerg, op eng gutt zougänglech Plaz.

Oder sinn d’Pensionären net méi wäert oder äis Eisebunn sou arem, dat si dat net hi kritt. Ech hoffen also geschwënn eng Bréifkëscht vun der Entraide médicale an der Gare Lëtzebuerg ze gesinn.

Jempy Mootz, Pensionär